ACCOUNT

National Intresse bei de Covid-Vaccin Kafverträg

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un de Premierminister & de Minister fir Aussenugeleeënheeten an Europa weiderzeleeden.

Aus engem Spiegel-Artikel vum 18ten Dezember geet ervir, dass BioNTech grad erwéi Moderna, der EU-Kommissioun virgeschloen hunn, nach Vaccin nozebestellen. Laut de Journalisten, huet d’EU-Kommissioun fir d’éischt mat europäeschen Hiersteller Kafverträg wollten ofschléissen. Anscheinend hätt den däitsche Gesondheetsminister appelléiert, fir méi BioNTech Vaccin ze kafen, verschidden EU Länner hätten sech awer  dogéint ausgeschwat – dorënner och Frankräich – déi anscheinend op de franséischen Hiersteller Sanofi gehofft hätten.

 

D’EU-Kommissioun grad ewéi de franséische Secrétaire d’État aux Affaires européennes hunn dës Aussoen dementéiert.

  1. Hunn d’Hiersteller BioNTech a Moderna der EU-Kommissioun ugebueden, fir zousätzlech zu den am Kafvertrag festgehalenen Dosen, nodréiglech nach weider Dose bei hinnen nozebestellen?

     

    Falls jo, aus wéi enge Grënn gouf dës Offer net ugeholl?

  2. Moderna huet de 27ten Juli matgedeelt, dass si kéinten an déi 3ten Etapp vun hirer Studie starten. De Kafvertrag mat Moderna gouf awer eréischt de 25ten November ofgeschloss. De Moderna Vaccin kéint de 6ten Januar vun der europäescher Medikamenten-Agence approuvéiert ginn.

     

    Firwat gouf 4 Méint nodeems dëse Vaccin als ee vun den éischten an déi drëtt a leschte Phase vun hirer Entwécklung gaangen ass, eréischt ee Kafvertrag ofgeschloss?

  3. D’Hiersteller Sonafi a GSK hunn matgedeelt, dass hiren Impfstoff warscheinlech léicht am leschten Trimester vun 2021 wäert prett sinn. Si hunn Enn Dezember 2020 annoncéiert an déi 3. Phase ze goen – 5 Méint no Moderna. D’EU-Kommissioun huet awer schonn den 18.09 ee Kafvertrag ofgeschloss, den 2ten no AstraZeneca, déi déi 3 Phase vun Tester virum Vertrag annoncéiert haten.

     

    Firwat goufe bei verschiddenen Hiersteller d’Kafverträg schonn ënnerschriwwen, éier si an déi drëtt Phase vun hire Studie gaange sinn?

    Firwat goufe bei verschiddenen Hiersteller d’Kafverträg eréischt Méint nom Start vun der drëtter Phase ofgeschloss?

Fro n°3376

Verlaaf an der Chamber

Zesummenhang posts

An der Äntwert op eng virrecht parlamentaresch Fro (n°7226) huet den Aarbechtsminister erkläert, dass Persounen an enger Aarbechtsmesure bei der ADEM (OTI, CAE, CIE,
Es heißt nicht umsonst, dass Gewalt viele Gesichter hat, denn es gibt unterschiedliche Arten von Gewalt und unterschiedliche Opfer von Gewalt, auch in Beziehungen.