Nathalie Goedert – Schroeder

Mäin Numm ass Nathalie Goedert. Ech hunn 37 Joer, si bestuet an hunn 2 Kanner an der Spillschoul.

Berufflech sinn ech an der Hotellerie ënnerwee an schaffen an der Receptioun vun engem Hotel wou ech an Kontakt mat Clientèle vun allen Nationalitéiten a Kulture sinn. Den internationale Kontakt ass allen Hisiichten eng immens Beräicherung.

Privat a sécherlech och duerch mäin Schoulofschloss als technicien en tourisme aus der Hotelschoul zu Dikrech interesséieren ech mech fir den Tourismus a Kultur an eisem Land.

Am Moment hunn ech mech mam Projet “Vakanzenduerf” zu Wäisswampech beschäftegt.

Als echte Minettsdapp wëll ech mech gäre fir den Tourismus an d’Kultur am Süden awer och am Weste vum Land engagéieren.

Educatioun, Liewen am Alter, Wunnen a sozial Gerechtegkeet sinn Theme fir déi ech mech och asetzen an eng grouss Roll an eisem Familljeliewe spillen. D’Zukunft vun eise Kanner soll zu Lëtzebuerg geséchert ginn.

A menger Fräizäit entdecken ech gären Neies mat menger Famill, liese vill, da maachen ech nach Schmuck an och meng Säit: www.kannerinfo.net.

Dat wichtegst am Liewen ass meng Famill

an do fir setzen ech mech fir eng gutt Zukunft an, an engagéiere mech an der Politik.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt