Nach emol nogefrot

Mir hunn beim zoustännegen Minister eng Rei weider Informatiounen ugefrot, well d’Äntwert ob d’parlamentaresch Fro Nummer 3921 iwwert d’Detenuen zu Schraasseg e puer Froen opgelooss huet.

Am Folgenden fannt dir eis parlamentaresch Fro:

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro N° 3921 vum honorabelen Deputéierte Léon Gloden huet den Här Justizminister geäntwert, datt en Automatismus vun enger Iwwerstellung vun net-Residenten d’Rechter vun eventuellen Zivilparteie kéint schiedegen. Gläichzäiteg huet de Prisong zu Schraasseg fir 2017 eng Auslaaschtung vun 103,35% affichéiert (also 20 Persoune méi wéi theoretesch méiglech).

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

Bei wéi vill vun den zu Schraasseg inhaftéierten handelt et sech – opgeschlësselt no Hierkonftsland – em net- Residenten?

Bei wéi vill vun dëse Persoune bestinn Obligatioune vis-à-vis vun Zivilparteien?

Bei wéi vill vun den Detenuen, déi net-Resident sinn an och keng Obligatioune vis-à-vis vun Zivilparteien hunn, besti Méiglechkeeten, hir Strof ënnert Applikatioun vum Gesetz vum 28. Februar 2011, dem Gesetz vum 12. Abrëll 2015 oder der Konventioun vum Europarot vum 21. Mäerz 1983, an hirem Heemechtsland z’exekutéieren?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Zesummenhang posts

Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land
Kaderprogramm Péiteng 2023