Verkéiersberouegung op der Route de Longwy (N5)

An der Péitenger Gemengerotssitzung vum 24te Februar 2025 goufen Ännerungen op der Kräizung vun der Route de Luxembourg (N5) mat der Rue des Ateliers präsentéiert. Op dëser Plaz ginn, ënnert Anerem, rout Luuchten installéiert an de Vëloswee soll besser ofgeséchert ginn.
Et gouf och iwwert eng Geschwindegkeetsbegrenzung op dëser Plaz op 30km/h diskutéiert, mee hei gouf op d’Kompetenz vum Mobilitéitsministère verwisen.
No mengen Erfarungen an Diskussiounen aus de leschte Jore missten op der N5 op verschiddene Plazen, wéi der Porte de Lamadelaine, d’Tempolimitt op 30km/h erofgesat ginn, fir d’Verkéierssécherheet an d’Liewensqualitéit am Zentrum vu Péiteng ze verbesseren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Mobilitéitsministesch gewëllt, fir op verschiddenen Deeler vun der Route de Longwy (N5) eng Geschwindegkeetsbegrenzung vun 30km/h anzeféieren?
    Falls nee, firwat net?

  2. Wéi vill Accidenter tëschent Gefierer a Foussgänger goufen et an deene leschten 10 Joren op der N5?
    Wéi vill Accidenter tëschent Gefierer goufen et an deene leschten 10 Joren op der N5?

  3. Sinn all d’Zebrasträifen op der N5 aktuell konform mam Code de la Route, hisiichtlech der Siichtbarkeet a Beschëlderung?

  4. Wéi vill Reunioune goufen et an deene leschten 10 Joren tëschent dem Mobilitéitsministère an de Verantwortleche vun der Gemeng Péiteng betreffend der Verkéiersberouegung op der N5? Wéi eng Doléancen hunn déi Verantwortlech vun der Gemeng un de Mobilitéitsministère erugedroen a wéi eng goufen vum Mobilitéitsministère zeréckbehalen a ginn ëmgesat?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1981

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen