myguichet.lu: Fro vum Accès op Donnéeën

Eltere kënnen op Myguichet.lu Informatiounen zu hire Kanner fannen. Bei gescheeten Elteren ass et esou, dass verschidden Informatioune vun hire Kanner nëmmen ugewise ginn, wa si op der selwechter Adress wéi hir Kanner ugemellt sinn. Bei gescheeten Elteren, déi net op der selwechter Adress wunnen, ass et esou, dass een Elterendeel keen Accès op dës Donnéeën huet, och wa béid Elteren d’Autorité parentale gemeinsam ausüben. 

An deem Zesummenhang wëlle mir folgend Froe stellen:

  1. Wéi eng Informatioune vun hire Kanner kënne gescheeten Elterendeeler, déi net op de selwechter Adress wunnen, wéi hir Kanner, net op myguichet.lu consultéieren? 
  2. Kënnen dës Elterendeeler d’Informatiounen iwwert een anere Wee consultéieren?
  3. Firwat gëtt dëst esou op myguichet.lu gehandhaabt?

Fro n°1183

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt