Musse Flüchtlingen aktuell op der Strooss liewen?

De Lëtzebuerger Flüchtlingsrot kritiséiert an engem Communiqué vum 11ten August 2020, datt Demandeurs de Protection internationale bei engem Refus vun hirer Demande op d’Strooss gesat ginn. Anscheinend wären d’Foyeren, an deenen d’Leit bis elo ëmmer ënnerbruecht gi wären, elo voll an dat, obwuel d’Zuel vun den Demandeuren aktuell esou niddreg ewéi nach ni läit.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Besëtzt d’Ministesch fir Integratioun Kenntnis vun de Reprochë vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot a kannSi d’Reprochë confirméieren?

  2. Wéi vill Demanden op international Protektioun sinn, opgelëscht no Mount, an dësem Joer beim Ministère fir Asyl an Immigratioun agaangen?

  3. Wéi eng Foyeren a wéi vill Schlofplaze stinn der ONA normalerweis zur Verfügung, fir Flüchtlingen, déi am Status vum DPI sinn, ënnerzebréngen?

  4. Wéi eng Foyeren a wéi vill Schlofplaze stinn der ONA elo wärend de Coronapandemie zur Verfügung, fir DPIen een Daach iwwert dem Kapp ze garantéieren? Besteet ee Manktem a falls jo, wéi eng Schrëtt si geplangt fir deem Manktem entgéintzewierken?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2654

Zesummenhang posts

Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land
Kaderprogramm Péiteng 2023