Här President,
Sou wéi den Artikel 80 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Ëmwelt, Klima an Biodiversitéit weiderzeleeden.
2020 hat déi deemoleg Ëmweltministesch d’Muffelen zu Iechternach fir d’Juegd fräi ginn. D’Piraten haten a villen Froen an Interventioune fir aner Léisunge plädéiert. An eiser leschter parlamentarescher Fro (N°1961) huet d’Ministesch erkläert, dass d’Afänke vun de Muffele weider eng Optioun wier, falls d’Juegd sech als net erfollegräich géif erweisen.
An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:
- Wéi vill Muffelen si säit dem Fräigi fir d’Juegd geschoss ginn? Gesäit de Minister dëst als eng erfollegräich Juegd un?
- Wéi vill weiblech Muffele goufe bis ewell geschoss an ass gewosst ob Déieren dobäi waren déi gedroen hunn?
- Hält den Ëmweltminister weider un der Juegd un de Muffele fest oder wäerten aner Optioune wéi d’Afänken an Zukunft eng Roll spillen?