Motoskontrolle

En Artikel vum RTL vum 27.05.2022 behandelt d’Thema vun der Legaliséierung vum Slalom fueren am Stau. Enger Ëmfro vum RTL 5minutes no hunn 73 Prozent dofir gestemmt, dass et als Motoradsfuerer erlaabt sollt sinn am Stau tëscht den Autoen ze fueren. D’Diskussioun ass ënnert anerem opkomm, well de Slalom am Stau an der Belsch an a Frankräich a verschiddenen Departementer legal ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi oft huet d’Police an deenen leschten 2 Joer op den Autobunnen d’Slalom fuere vu Motoen kontrolléiert?

  2. Wéi vill Protokoller goufen dobäi erstallt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6314

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt