D’Pirate fuerderen eng wierklech Gläichstellung tëscht de Geschlechter

D’Piraten haaten an der Chambersëtzung vum 28.03.2019 gefroot, fir de Ministère de l’Egalité entre les femmes et les hommes emzebenennen an de “Ministère des genres et des sexes”. Dës Nummännerung hätt der Geschlechtervillfalt am Land Rechnung gedroen. Den Ausdrock „Egalité des genres et des sexes“ beschränkt sech nämlech net ob eng binär Geschlechtertrennung, mee bezitt och transgender- oder intersex- Persoune mat an.

Dëse Virschlo gouf vun de Regierungsparteien ofgeleent.

D’Ministesch Taina Bofferdéng huet erkläert, dass den Numm bewosst gewielt gi wier, well hire Ministère sech eben net mat der Gläichstellung vun alle Geschlechter, mee nëmme mat der Gläichstellung vu Mann a Fra beschäftege soll. 


Dat u sech fanne mir natierlech schonn diskriminéierend.  Wann een dann awer e Bléck an den Arrêté grand-ducal vum 5 Dezember 2018 werft, an deem d‘Aufgabeberaicher fir de Ministère de l’Egalité entre les femmes et les hommes festgehale sinn, ergëtt sech e weidere Problem. Do heescht et:

„ 1. Politique nationaleet internationale en faveur de l’égalité des femmes et des hommes etde la non- discrimination entre les sexes– Coordination d’un plan d’action national en matière d’égalité des femmes et des hommes – Intégration de la dimension du genre dans les actions politiques en partenariat avec les départements ministériels – Études d’impact des mesures législatives sur l’égalité des femmes et des hommes.

2. Coordination des politiques ayant trait à l’égalité entre les femmes et les hommes età la non-discrimination entre les sexes– Comité interministériel de l’égalité des femmes et des hommes – Comité pour actions positives dans les entreprises du secteur privé – Comité de coopération entre les professionnels dans le domaine de la lutte contre la violence. 

[…]”

Den Ausdrock „non- discrimination entre les sexes“bezitt an eisen Aen all Geschlechter mat an. D’Regierung gesäit dat anscheinend awer anescht.

Déi aktuell Regierung ass nämlech der Meenung, dass d’Interête vu Persoune mat Transidentitéit oder Intersexualitéit, net vun engem „Ministère de l’égalité des genres“ vertruede solle ginn, mee vum Ministère de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Région. Am Arrêté grand-ducal vum 5 Dezember 2018 ginn dofir bei den„Attributions relevant des compétences du Ministre de la Famille et de l’Intégration“ ënnert Punkt 5 folgend Aufgabeberäicher festgehalen:

„Solidarité – Aide sociale- Services et foyers pour adultes en détresse– Surendettement-Prévention de l’exclusion sociale, de la précarité et du sans-abrisme– Action hiver – Structure d’hébergement d’urgence multifonctionnel – Coordination des politiques en faveur des personnes lesbiennes, gays, bisexuelles, transgenres et intersexes (LGBTI) – Plan d’action national pour la promotion des droits des personnes LGBTI – Groupe permanent d’encadrement psycho-traumatologique– Fonds européen d’aide aux plus démunis(FEAD) – Fonds national de Solidarité – Revenu minimum garanti/Revenu d’inclusion sociale– Service national d’Action sociale/Office national d’inclusion sociale.„

Eng Politik, déi sech fir d’Rechter vu lesbeschen, schwulen, bisexuellen, trans oder intersex Persounen asetzt, ass an den Ae vun der aktueller Regierung also an engem Otemzuch ze nenne mat enger Solidaritéitspolitik vis a vis zu Persounen, déi sech an enger Noutsituatioun befannen, well se Opfer vu Gewalt, verschold, obdachlous, traumatiséiert oder aarm sinn! 

Eng bisexuell Persoun ass awer net méi „an Nout“ ewéi eng heterosexuell Persoun! Homosexuell ze sinn ass kee schwéiere Schicksalsschlag, et ass eppes ganz Normales!

Lesbesch, schwul, bisexuell, trans oder intersexuell Persoune sollten opgrond vun hirem Geschlecht oder hirer sexueller Orientéierung net mei ob eis Solidariteit ugewise sinn, wéi heterosexuell Persounen –  wann et esou ass, da leeft an eiser Gesellschaft eppes schrecklech falsch! Ee „Ministère de l’égalité des genres et des sexes“ hätt kënnen dozou bäidroen, un dëser Situatioun eppes ze ännere – mee deen war vun dëser Regierung jo leider net erwënscht.

Mir mengen, dass den aktuelle Ministère mehr Schein als Sein ass a senger Rôle als Ministère fir Gläichheet net verdéngt huet. Fir eis Piraten weist de Ministère, dass en net wierklech verstanen huet, ëm wat et bei der Fro vun der Gläichheet tëscht de Geschlechter geet. D’Regierung muss eiser Meenung no dru schaffen hier eege Viruerteeler oofzeleen.

Zesummenhang posts

Ufank Abrëll waren d’Piraten zesumme mat den anere Memberen vum Aktiounscomité géint Atomkraaft beim Wirtschaftsminister Lex Delles. D’Entrevue war u sech beim Premier gefrot
A menge parlamentaresche Froe n°3813 an 3927 hat ech op d’Situatioun vun Déierenbesëtzer um Wunnmarché opmierksam gemaach, wou et virkënnt, dass Locatairen verbuede kréien,
Den 15ten Abrëll 2024 um 19 Auer zu Koplëscht am HQ an online.  Start : 19h00 ; Enn 21h00 Vun der Parteileedung ware präsent: Clement Sven