Motioun fir Strofe fir Impfdrängler

Context:Gesetzesprojet 7784

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • dass d’Unzuel u verfügbaren Dosisse vun de Covid-19-Vaccinen zu Lëtzebuerg am Moment nach limitéiert ass ;
  • dass Fäll zu Lëtzebuerg opgetruede sinn, bei deene Persoune fréizäiteg geimpft goufen ;
  • dass de Gesondheetsministère een Impfplang virgeluecht huet an och déi betraffen Institutiounen a Persounen iwwert dësen informéiert huet ;
  • dass de Gesondheetsministère mam Conseil supérieur des maladies infectieuses de 27ten Januar d’Phasen 2 bis 6 vum Impfplang virgestallt hunn ;
  • dass an Däitschland de Gesondheetsminister am Moment mam Parlament iwwert d’Strofe, fir sougenannten “Impfdrängler” diskutéiert ;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. dee bestoende Regime fir Strofen fir Leit, déi sech entgéint dem festgeluechte Plang vun der Direktioun vun der Santé impfe loossen, ze iwwerschaffen, fir esou Abusen an Zukunft ze verhënneren.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene