Am Kontext vum Weltbildungsdag, deen all Joers de 24. Januar ass, hunn d’Piraten dës Motioun agereecht mam Zil d’Bildungschance fir Jonk an Al ze verbesseren. D’Motioun gouf an d’Bildungskommissioun verwisen a wäert do diskutéiert ginn.
Den Text vun der Motioun ass dee Folgenden:
D’Deputéiertechamber stellt fest:
- dass d’Madamm Audrey Azoulay, Directrice Generale vun der UNESCO, dëse Weekend am Kader vum Weltbildungsdag sot: “At the peak of the pandemic, schools were actually closed for 91% of learners, or 1.5 billion pupils and students. It then became apparent to everyone that education was a global public good and school was more than just a place of learning: it was also a place that provided protection, well-being, food and freedom […]. On this International Day of Education, UNESCO invites you to promote education as a fundamental right and the most powerful aid to development that we have. Defending the future of this right means defending the right to the future”;
- dass d’Regierung am Koalitiounsaccord vun 2018 sot “l’école publique doit continuer à s’ouvrir à la diversité de sa population en adaptant son offre éducative et scolaire aux besoins réels de ses élèves. La promotion de l’égalité des chances reste un principe directeur qui caractérisera l’action gouvernementale dans les années à venir. Il sera veillé à donner à chaque enfant des chances équitables de réussir et de construire son avenir”;
- dass d’Bildungspolitik vun der Regierung sech den Aussoen aus dem Koalitiounaccord no un der Agenda 2030 vun der UN orientéiert, déi mam Sustainable Development Goal 4 (SDG 4) d’Zil setzt: “ [to] ensure inclusive and equitable quality education and promote lifelong learning opportunities for all”;
- dass net all Kand zu Lëtzebuerg doheem en Accès zu technesche Moyenen huet, fir vun de Méiglechkeeten, déi d’Digitalisatioun am edukative Beräich bitt, profitéieren ze kënnen;
- dass net all Kand doheem vun der selwechter Ënnerstëtzung profitéiere kann, wann et drëms geet schoulesch Inhalter mat engem Erwuessenen ze widderhuelen oder vun engem Familljemember erkläert ze kréien;
- dass eng Universitéit, déi och Bachelor- a Masterstudiëgäng ubitt, déi “en cours d’emploi” gemaach kënne ginn, dozou bäidréit, et der Gesellschaft ze erméiglechen, sech e Liewe laang weider ze bilden;
- dass et wichteg ass, an der Erwuessenebildung en Equiliber ze fannen, tëscht Formatiounen, déi et Persoune mat breede Virkenntnesser an héije Qualifikatiounen erlaben sech ze spezialiséieren, a Formatiounen, déi et Persoune mat gerénge Qualifikatiounen a Mënschen, déi sech reorientéiere wëllen, erméiglechen, néi Kenntnisser ze gewannen;
Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:
- méi staatlech finanzéiert Nohëllefscoursen unzebidden, fir Kanner aus sozialschwaache Menagen ze ënnerstëtzen, wa si Hëllef brauchen;
- d’digital Inclusioun net eleng den ASBLen ze iwwerloossen, déi an dësem Beräich e wichtege Bäitrag leeschten, mee och ee staatlechen an einfach zougängleche Service z’offréieren, deen et sozialschwaache Menagen erméiglecht elektronesch Geräter am Kader vun engem Apprentissage, engem Studium oder enger Ausbildung um Niveau vum Secondaire ze léinen oder zu engem reduzéierte Präis ze kafen;
- sech dofir anzesetzen, dass d’Offer u Bachelor- a Masterstudiëgäng, déi een op der Uni Lëtzebuerg en cours d’emploi maache kann, erop geet;
- sech am Beräich vun der Formation continue dofir anzesetzen, d’Offer u Formatiounen auszebauen, déi et Persoune mat niddrege Qualifikatiounen oder Mënschen déi sech reorientéiere wëllen, erlaben néi Connaissancen ze gewannen.