Motioun fir ee Stopp vun Atomstroum zu Lëtzebuerg

Context:Gesetzesprojet 7649

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • D’Ministere fir Wirtschaft an Energie hunn an hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1358 vum 18ten Oktober 2019 Folgendes geäntwert: “Ouni dass e Fournisseur […] spezifesch Atomstroum oder Stroum aus fossillen Energien akeeft, kritt hien automatesch fir den net identifizéierte Stroum dëse “mix résiduel” a sengem Stroummix agerechent. De Stroumfournisseur kann awer, wann hien dat wëllt, fir dës Quantitéiten och Zertifikaen (GO) nokafe fir och dësem Stroum eng Hierkonft zouzedeelen. Sou erkläert sech, dass den nationale Stroummix 2018 nach zu 10,4% aus Atomstroum an zu 34,0% aus fossiller Energie bestanen huet, och wann dës Zuelen net onbedéngt komplett d’Realitéit ofbilden.”;
  • D’Majoritéitsparteien an der Chamber an an der Regierung schwätzen sech a villen Occasioune géint d’Produktioun an d’Benotze vun Atomstroum aus;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. bis Enn vun dësem Joer ee konkrete Plang virzeleeën, fir den Atomstroum aus dem “mix résiduel” auszeschléissen an dëse bis 2030 ëmzesetzen.

 

D’Motioun gouf an d’Kommissioun verwisen. D’Motioun ass den 29.09.21 an der Kommissioun behandelt ginn. Den Energieminister stoung eiser Fuerderung positiv géigeniwwer an huet versprach Drock op d’EU ze maachen.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene