M. Sven Clement (Piraten) | Jo, merci, Här President.
Et ass schonn e bësse witzeg, et gëtt esou dee Bon
mot, dee seet: „Qui s’excuse s’accuse.“ An den Här
Kartheiser, … dat Éischt, wat e gesot huet, ass: „Dir
wäert mech elo als Kreml-Verstoer heihinnerstellen.“
Ma anescht kann ech et net verstoen, well op där
enger Säit hutt Der am Ufank vun der Kris de Kreml
verteidegt, datt en alles futti bommt. An elo wëllt Der,
datt dann d’lëtzebuergesch Ekonomie dovunner profitéiert.
(Interruption)
Dat fannen ech jo schéin a gutt, wann d’lëtzebuergesch Ekonomie soll dovunner profitéieren, mee
kommt, mir maachen dat solidaresch an der EU.
Kommt, mir investéieren déi Suen an e gemeinsame
Fong, wéi dat och vum Minister hei proposéiert gouf.
An ech mengen, datt dann eis Sue besser ukommen,
wéi wann elo all Land do probéiert, säin eegene
Sandkär iergendwou hinzepuchen, well herno steet
awer keng Sandbuerg.
- June 25, 2026
- 2:53 pm
- Parlamentaresch Froen
Den Artikel 27 vum ofgeännerte Gesetz vum 8. Mäerz 2017 iwwert d’lëtzebuerger Nationalitéit gesäit eng Optioun fir Volljäreger vir, déi op d’mannst siwe Joer