Motion de M. Claude Wiseler relative au soutien de l’Ukraine face aux attaques de la Russie

M. Sven Clement (Piraten) | Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, et wär jo schéin, wa mer déi
Motioun hei net bräichten. Et wär schéin, wann de
Konflikt u sech mat deene Sanktiounspäck, déi mer
déi lescht Wochen a Méint op europäeschem Niveau
beschloss hunn, zum Auslafmodell deklaréiert kéint
ginn. Mee et ass ze constatéieren, datt dat net oder
nach net dat gewënschtent Zil erreecht huet.
Nach ëmmer bréngen all Nuecht Fraen a Bunkere
Kanner op d’Welt. All Owend gëtt et Naissancen an
där grujelegster Situatioun, déi ee sech u sech virstelle
kann. An dat e puer Honnert Kilometer vu Lëtzebuerg
ewech. Jo natierlech, dëse Krich ass méi no bei eis,
betrëfft Leit, déi ausgesi wéi mir, déi änlech gleewen,
änlech feiere wéi mir. An duerfir geet en eis méi no wéi
Konflikter am Jemen, am Afghanistan oder soss op der
Welt.
Mee dat gëtt eis net de Fräifaartschäin, fir den Ukrainer d’Recht ofzeschwätzen, sech ze verteidegen. A wien
haut fuerdert, datt mer keen Embargo géint russesch
Gas-, Pëtrols- oder Nuklearimporter maachen, deen
desolidariséiert sech mat enger ganzer Populatioun,
net méi, net manner.
Déi Motioun hei haut net ze stëmmen, onofhängeg
dovun, ob ee mat den Detailer vun der Ëmsetzung
averstanen ass, mengen ech, wär en Akt vun der Desolidarisatioun an et ass eng bal moralesch Verflichtung
fir auszedrécken, datt et och Europa, och d’Europäer,
och d’Lëtzebuerger eppes kaschten däerf, wann et
drëm geet, Liewen an der Ukrain ze retten. Sech dohannert ze verstoppen, datt et eng Inconnu gëtt, wat
geschitt, wa mer dat doten ëmsetzen, dat geet mer net
wäit genuch.
Wie mengt, Russland mussen an d’Kaarten ze spillen,
andeem mer weider Gas, Pëtrol oder nukleare Brennes
do kafen, deen huet d’Gravitéit vun der Situatioun net
verstanen. A mir mussen alles drusetzen a mir mussen
den Ukrainer all Moyene ginn. Ech begréissen all Initiativ vun der Regierung, fir Waffen an d’Ukrain ze liwweren, well ech der fester Iwwerzeegung sinn, datt et net
ka sinn, datt mer nokucken, wéi Ukrainer ofgemetzelt
ginn.
Dofir: Mir wäerten déi Motioun hei matënnerstëtzen,
an dat net nëmmen aus Iwwerzeegung, mee mat ganzem Häerzen. Ech soen Iech Merci.

M. Sven Clement (Piraten) | Ech géif soen, et ass eng Demokratie, si hu fräi Walen.

M. Sven Clement (Piraten) | Och vun Ärem Kolleeg,
dem Putin!

M. Sven Clement (Piraten) | Es sprach der russische
Botschafter.

Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Also ech sinn elo e bësse baff, wat de Premier der
Motioun hei ënnerstellt, nämlech datt et en „dat oder
näischt“ ass. Ech liesen déi éischt puer Wierder vun
deem Invite, fir datt och d’Ëffentlechkeet sech wierklech e Bild dovu ka maachen. Ech weess, datt et ëmmer
schwéier ass, am Stream an an de Videoen herno ze
gesinn, wat tatsächlech am Text stoung. Et steet do: „à
soutenir la mise en place d’un embargo total et immédiat“.

M. Sven Clement (Piraten) | „À soutenir“, dat heescht,
wann een dat freet, sollt Lëtzebuerg esou ofstëmmen,
et ass awer keen imperatiivt Mandat. Bei allem Respekt, Här Premierminister, et ass keen imperatiivt
Mandat, fir just op Basis dovunner verhandelen ze kënnen.
(Brouhaha et interruptions)
Ech sinn der Meenung, datt Lëtzebuerg soll mat enger
staarker Positioun zu Bréissel starten an, vu datt et „à
soutenir“ ass, a verbessert mech, dat heescht, datt mer
esou eng Positioun vun anere Länner sollen ënnerstëtzen, wa se opgeworf gëtt. A wann et herno dann zu
engem anere Kompromëss kënnt, gesinn ech näischt
an där Motioun hei, wat dat net géif erméiglechen.
Dat gesot, mengen ech, datt ee sécherlech kann iwwer Wierder streiden, mee ech fäerte ganz, datt mer,
egal wéi mer iwwer Wierder hei streiden, ausser mir
schreiwen nach e Saz dran: „Mir applaudéieren dem
Wladimir Putin fir seng Befreiung vun der Ukrain“,
hei keng 60 Deputéiert kréien.
(Brouhaha et exclamations)
Nee, nee. Léif Majoritéit, loosst mech …
(Brouhaha générale, interruptions et coups de cloche de
la présidence)

M. Sven Clement (Piraten) | Moment! Ech weess net,
firwat déi 31 doiwwer sech grad attackéiert fillen. Well
ech mengen, déi Eenzeg, déi sech kéinten attackéiert
fillen, wären déi véier um rietse Bord!

M. Sven Clement (Piraten) | Firwat fillt Dir Iech esou
attackéiert, Här Baum?

Zesummenhang posts

Am Juli 2023 hat ech dem Minister e puer Froen zum Subside de Qualité+ an dem Règlement grand-ducal vum 23ten Dezember 2016 gestallt (Fro
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit