Moria Spendenaktioun

D’Pirate lancéieren eng Spendenaktioun fir de Mënschen op Lesbos ze hëllefen.

Duerch ee Feier am Flüchtlingslager zu Moria hu vill Mënschen, déi no hirer Ukonft a Griicheland souwisou bal näischt méi haten, och nach hire lëschte Besëtz verluer.

Mir Pirate wëllen hëllefen a bidden Iech un bei eiser Moria Aktioun matzemaachen.

Wéi funktionéiert dat Ganzt?

  1. Dir kaaft ee Moria-Package bei eis am Shop op piraten.lu (https://web.piraten.lu/produkt/moria-package/)
  2. Ee Package kascht 30,00€ (Dir kënnt gären och méi ginn) a besteet aus enger Mask an enger Taass. Domat kritt Dir ee klenge Merci fir är Spend.
  3. D’Piraten hale keen Euro vun dëse Suen! 100% vun de Recettë gi benotzt, fir de Léit op der Insel Lesbos Schong a Strëmp an anner Kleedung ze kafen. D’Saachen schécke mer der ONG Borderline Europe.
*Ee Wuert zu der ONG, där mir d’Schong an d’Strëmp schécken:

Borderline Europe ass eng däitsch ONG, déi 2007 gegrënnt gouf. Si hunn Büroen zu Berlin, Palermo a Lesbos. 2012 krut d’Organisatioun den Aaachener Friedenspräis iwwerreecht.

Säit 2015 sinn si op Lesbos aktiv, wou si de Léit, déi do ukommen, hëllefen. Si bidden, ënnert Anerem, Coursen am Engleschen an am Griicheschen un an hëllefen de Léit hier Pabeieren an d’Réi ze kréien. Méi Infoen zu Boderline Europe fannt dir ënnert: https://www.borderline-europe.de

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll