Moria Aktioun – Déi éischt Liwwerung ass ukomm

Den 21ten Oktober hunn d’Piraten hier Moria Aktioun gestart.

Bis haut si 360€ un Donen agaangen, a mat enger zousätzlecher Spend vu 140€ vun der Pirate Partei, konnten am ganze 54 Thermo Leggings am Wäert vun iwwer 500€ kaaft ginn.

D’Leggings goufen an engem Kleederbuttek op der Insel bestallt. De Buttek heescht Albatros, läit zu Mytilene, der gréisster Staat op Lesbos.

D’Liwwerung vun de Leggings

D’Lager wou d’Saachen ënnerbruecht ginn

Déi eenzel Tuten déi verdeelt ginn

No der Liwwerung vun de Leggings, ginn se vu Boderline Europe un d’Leit op der Insel verdeelt. Dofir ginn se mat anere Kleeder, ewéi zum Beispill Schong a Jacketten an eenzel Tute verpaakt déi da jiddereen ausgedeelt kritt.

Firwat hunn d’Pirate Leggings bestallt? Am Wanter sinn op Lesbos just nach ëm déi 8 Grad dobaussen an d’Leit liewen nach ëmmer an de Flüchtlingscampen an Zelter. Fraen hunn oft nëmmen ee Rack un, dofir Thermoleggings, déi se kënnen ënnert de Rack undinn.


Ee ganz grousse Merci un jiddereen deen sech bis elo un eiser Aktioun bedeelegt huet!

D’Moria Aktioun wäert weiderlafen, esou bal mir nach eemol méi Spende gesammelt hunn, gi mir erëm Bestellunge fir Kleeder op.

Wann dir wësse wëllt wat d’Boderline Europe dëst Joer esou alles gemaach huet, hei fannt dir hire Joresréckbléck:

 

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen