Vum 2te bis den 13te November ass Lëtzebuerg als Gaascht um Festival de Films francophones zu Montréal (Kanada) agelueden.
Hei huet Lëtzebuerg eng Installatioun mat grousse Buschtawen (LUXEMBOURG), sou wéi se och virun der Philharmonie an der Stad steet, opriichte gelooss.
Wien mengt, dës Buschtawe wieren nëmmen dohannen opgeriicht ginn, deen iert. D’Cargolux huet nämlech ee Video verëffentlecht, an deem ze gesinn ass, wéi si d’Buschtawen a Këschten apaken a wéi dës Installatioun da vu Lëtzebuerg op de Fluchhafe J.F. Kennedy zu New York (USA) geflu ginn.Duerno huet d’Installatioun dann nach vu New York op Montréal geflu ginn.
Wärend an Ägypten Vertrieder aus der ganzer Welt op der Weltklimakonferenz COP27 iwwert d’Klimakris diskutéieren, léisst Lëtzebuerg léisst Marketing-Gadgete ronderëm d’Welt fléien.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi schwéier ass d’Installatioun mat de Buschtawen an aus wat fir engem Material bestinn se?
-
Wéi vill huet d’Produktioun vun der Buschtawen-Installatioun kascht a wou gouf se hirgestallt?
-
Wéi vill huet den Transport vu Lëtzebuerg op Montréal kascht, opgelëscht no Transportmëttel, an deem d’Buschtawen transportéiert gi sinn?
-
Wien huet dës Marketing-Aktioun ausgeschafft a vu wiem gouf se accordéiert?
-
Ass d’Regierung der Meenung, dass et ekologesch nohalteg ass, fir Buschtawe ronderëm den hallwe Globus transportéieren ze loossen?
-
Heescht d’Regierung dës Aktioun, esou wéi se duerchgefouert gouf, gutt oder géif si et nächste Kéier aneschters maache loossen? Wat géif se déi nächste Kéier aneschters maachen?
QP Nummer 7182