Mobil Lued-Statioun fir E-Busser

A Presenz vum Energieminister Claude Turmes, huet eng Bus-Entreprise hir mobil Lued-Statioun fir Busser virgestallt. De spezielle Camion huet eng Kapazitéit vun 2,1 Megawatt-Stonnen a soll eng Alternativ zu feste Lued-Statiounen sinn, der et laut der Entreprise nach net op genuch Plaze ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Handelt et sech bei dësem spezielle Camion ëm een Elektro-Camion, een Hybrid-Modell oder gëtt de Camion eenzeg mat fossille Brennstoffer betankt?

  2. Falls et sech bei dësem Camion ëm een duerch fossil Brennstoffer ugedriwwene d’Gefier handelt, wéi steet dëst am Aklang mam vun Energieministère ugekënnegten Zil vum CO2 neutralen ëffentlechen Transport?

  3. Den ACL huet d’Zieler vun der Regierung wat Elektro-Bornen ugeet, an engem Wort Artikel vum 13ten Abrëll, kritiséiert. Et wieren laut ACL, net emol 500 vun den 800 fir 2020 geplangte Bornë gebaut ginn. D’Zil fir 2030 ass et, 26’000 Bornen duerch d’ganzt Land verdeelt stoen ze hunn. Gesäit de Ministère ee Lien tëscht der Tatsaach, dass d’Ziler fir Elektro-Bornen 2020 net erfëllt goufen, an dem Fait, dass Bus Entreprisen mussen op mobil, fossil ugedriwwen Alternativen zeréck gräife well ebe grad dës Bornë feelen?

  4. Ënnerstëtzt den Staat de Asaz vun dësen Camione finanziell?

  5. Si Busser, déi duerch esou ee Camion geluede ginn, am Kader vun enger RGTR Ausschreiwung, als Emmissiouns neutral un ze gesinn?

  6. Sinn dës Camione Deel vum Ministère senger Emissiouns neutraler Mobilitéitsstrategie? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4147

Zesummenhang posts

Le parti Pirate a tenu le 29 septembre une conférence de presse sur le sujet “Un monde du travail équitable pour aujourd’hui et demain”.
Am Walkampfofkommes ass festgehaale ginn, dass Ministeren a Ministeschen an der Ausübung vun hirem Mandat wärend der Period vum Walkampf keng bezuelte Reklammen iwwert