Mix & Match bei den Impfungen

D’Impfcampagne géint de Covid-19 kënnt virun an eng ganz Rei Persounen hu schonn eng éischt, wann net souguer schonns eng zweet, Impfung erhalen. Déi meescht Leit verdroen hier Impfung ganz gutt a leiden net ënner schlëmmen Niewewierkungen. An eenzele Fäll kënnt et awer fir, dass eng Persoun en Impfstoff net gutt verdréit an et dofir medezinesch net vertrietbar wär, dës Persoun eng zweete Kéier mam selwechte Vaccin ze impfen. An esou Fäll kéint e sougenannten “Mix and Match” envisagéiert ginn, wou ee fir déi zweet Impfung en anere Vaccin verwent ewéi fir déi éischt. Bis elo war Lëtzebuerg hei awer zeréckhalend a wollt e Mix-and-Match-Impfschema net uwenden, esoulaang d’EMA heizou net kloer Positioun bezunn huet. Säit kuerzem sollen d’Dokteren elo awer d’Méiglechkeet hunn, fir hier Patienten e Formulaire auszefëllen, wou si d’Niewewierkungen, déi opgetaucht sinn, notéieren, an de Patient fir eng Impfung mat engem anere Vaccin umellen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass et richteg, dass Mix-and-Match-Impfschema elo zu Lëtzebuerg erlaabt sinn?

  2. Ass et richteg, dass Doktoren hier Patienten elo fir e Mix-and-Match-Impfschema umelle kënnen?

  3. Ass eng Persoun, déi mat zwee verschiddene Vaccinë geimpft gouf, gläichgestallt mat enger Persoun, déi zweemol dee selwechte Vaccin kritt huet, wat de Covid-Check ugeet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4620

Zesummenhang posts

 D’Ukrain-Kontaktgrupp huet sech eng leschte Kéier zu Ramstein getraff, ier den Donald Trump nees säin Amt untrëtt. Dës Grupp war an der Vergaangenheet zentral
An Däitschland gëtt d’Gewaltschutzgesetz verstäerkt an et gëtt e neit Gewalthëllefegesetz ausgeschafft. Zu Lëtzebuerg weisen d’Statistiken, dass et och bei eis Handlungsbedarf gëtt: eleng
Duerch politesch Ëmwälzungen a Syrien huet d’Lëtzebuerger Regierung temporär d’Beaarbechtung vun Asylunträg vu syresche Staatsbierger ausgesat. Familljenzesummeféierunge sinn awer weiderhi méiglech, wéi den Inneminister