Militärsatellit fir d’Ukrain

De 16te Mee 2023 huet d’Chamber de Gesetzesprojet 8156 ugeholl, mat deem de Programm «Medium Earth Orbit Global Services » (MGS) finanzéiert sollt ginn. Bei dësem Programm geet et drëms zesumme mat den USA iwwert d’NATO (NSPA) Kapazitéite vun engem Satellittesystem bei der SES ze kafen. 

D’Rapportrice vum Gesetzesprojet huet deemools gesot, dass de System Enn 2023 oder Ufank vun dësem Joers kéint operationell sinn an eis Arméi dann domadder ufänke kéint mat schaffen. Grad wéinst dem Iwwerfall vun der Ukrain duerch Russland kéint Lëtzebuerg esou och der Ukrain Kapazitéiten vu Satellitten zur Verfügung stellen. 

An der Chamberssitzung vum 15te Mee 2024 hat ech d’Verdeedegungsministesch gefrot, wéi de Stand vum Satellit ass. Zu deem Zäitpunkt war de Satellittesystem fir d’Ukrain nach net operationell.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Ass de Militärsatellit Stand haut fir d’Besoinen vun der Ukrain operationell?Falls jo, wéi eng Servicer goufen iwwert dëse Satellitesystem der Ukrain zur Verfügung gestallt?

CHD

Fro n°1485

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene