Kënnt de Mietdeckel?

An engem RTL-Interview vum 6te Januar huet den aktuelle Wunnengsbauminister gesot, dass de Mietdeckel net fir haut an net fir muer wäert sinn. Wat net kloer gesot gouf, ass dass et hei ëm d’Reform vum Mietdeckel gëtt, déi vu sengem Virgänger an d’Gespréich bruecht gouf, mee net realiséiert gouf. Et gëtt nämlech schonns ee Mietdeckel am Mietgesetz vun 2006, wou d’Reegel festleet, dass ee Proprietaire vun enger Wunneng net méi wéi 5% Loyer dierf froe vum Capital investi. 

Elo ass de Problem awer deen, dass d’Locatairen net wësse kënnen, wéi héich de Capital investi ass, grad bei eelere Gebaier, déi viru Joerzéngte gebaut a verkaf goufen. Ech hat op dëse Problem schonns a menger parlamentarescher Fro n°1006 opmierksam gemaach. D’Geriichtsuerteel vum 16te Januar 2020 (n°170/20) huet gewisen, dass fir d’Berechnung vum Loyer net systematesch de Capital investi muss geholl ginn an um Enn de Loyer um Maartwäert berechent ka ginn.

Esou ass et eng Normalitéit hei am Land, dass Gebaier, déi viru Joerzéngte fir een Apel an ee Stéck Brout kaf goufen, haut trotzdeem Loyere froen, déi wäit iwwert de 5% vum Capital investi leien. Dëst ass onfair vis-à-vis vu Locatairen, déi geplëmmt ginn, mee och vis-à-vis vun anere Proprietairen, déi haut ee vill méi héijen Akafspräis musse bezuelen an ee vill méi niddrege Rendement kréien, wéi ee Wunnengsbesëtzer, dee virun 30 Joer investéiert huet a sech net un d’Gesetz hällt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert dës Regierung betreffend dem aktuellen Mietdeckel an dëser Legislaturperiod eng Ännerung virhuelen oder bleift alles esou, wéi et aktuell am Mietgesetz ass?

  2. Wëll d’Regierung de Mietdeckel ganz ofschafen?

  3. Wéi laang wëll de Minister maximal op Donnéeën vum LISER waarden, bis hien eng Entscheedung zum Mietdeckel hëllt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1752

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt