Meteolux

De Méinden 21ten Februar huet Tageblatt bericht, dass d’Internetsäit vu Meteolux e puer Minutten nom Ausruffe vun der Alerte Rouge wéinst staarke Wandstéiss net méi erreechbar war. Laut Meteolux louch dësen Ausfall un enger Iwwerlaaschtung vum Server. Schonn d’lescht Joer wärend den Iwwerschwemmungen am Juli koum et zu technesche Problemer beim Site.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Regierung bestätegen, dass d’Site Meteolux op e staatleche Server migréiert gëtt? Wa jo, wat fir ee konkreten Zäitplang ass hei virgesinn? Wa nee, firwat net?

  2. Wat fir Schrëtt wäerte geholl ginn, fir d’Ofstierze vum Site vu Meteolux an Zukunft ze verhënneren?

  3. Laut Tageblatt schafft d’Regierung un enger Meteo-App duerch déi si sech eng méi effizient Kommunikatioun erhofft. Dës App kann awer natierlech nëmme vun deene benotzt ginn, déi ee Smartphone mam néidegen Internetzougang hunn. Denkt d’Regierung net, dass prioritär misst gekuckt ginn, fir d’Leit am Noutfall iwwert SMSen z’erreechen an d'”Gouvalert”-App ze verbesseren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5821

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt