Mesure géint Gewalt

An Däitschland gëtt d’Gewaltschutzgesetz verstäerkt an et gëtt e neit Gewalthëllefegesetz ausgeschafft. Zu Lëtzebuerg weisen d’Statistiken, dass et och bei eis Handlungsbedarf gëtt: eleng bei de K.o.-Drëpse goufen et zënter 2021 25 gemellte Fäll, woubäi d’Donkelziffer warscheinlech vill méi héich läit. D’Justizministesch huet an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1581 op verschidde Preventiounsmesuren higewisen, mee et stellt sech d’Fro, ob méi geziilt legislativ Mesurë gebraucht ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gesäit d’Regierung zu Lëtzebuerg e Besoin fir änlech legislativ Mesuren anzeféieren, wéi an Däitschland, zum Beispill eng elektronesch Foussfessel bei schwéiere Fäll vu Gewalt?

  2. Wéi schätzt d’Regierung d’Effikassitéit vun de bestoende Mesuren an der Justiz an, fir Affer vu Gewalt ze schützen, a wou gesäit si nach Verbesserungspotential?

  3. Wéi kéint d’Zesummenaarbecht tëscht de verschiddenen Acteuren (Police, Justiz, Hëllefsstrukturen) am Beräich vun der Gewaltbekämpfung nach verstäerkt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1749

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt