Message vum Spriecher un eis Memberen

Ahoi léif Parteimemberen,

Ech schreiwen iech haut als Spriecher vun dëser Partei mat der Hoffnung, dass mir zesummen an eng besser Zukunft kommen. Aktuell duerchleeft eis Partei eng schwéier Zäit, besonnesch nodeems mir mam Ben Polidori e wichtege Member verluer hunn. Dëst huet vill Froen opgeworf an d’Press schreift a seet Villes iwwert d’Banneliewe vun eiser Partei. Mir leiden alleguer ënnert dëser Situatioun: Personal, Memberen, Mandatairen an all déi, déi sech fir d’Piraten asetzen. D’Vertrauen an eis Partei ass beschiedegt ginn, an et stellen sech vill Froen, op déi mir leider nach net all d’Äntwerten hunn. 

Mee ech garantéieren Iech, dass mir all d’Froen a vollster Transparenz opschaffe wäerten. Nëmmen esou wäert et och an Zukunft eng Piratepartei ginn, déi fir hier Wäerter asteet. Mir sichen de Wee vun der Transparenz a vum Dialog mat eise Memberen an allen involvéierten Acteuren. Et ass inakzeptabel, dass eenzel Leit ugegraff oder onbegrënnt a Schwieregkeete bruecht ginn via sozial Medien oder aner Weeër. Mir brauchen Zesummenhalt: klärend a konstruktiv Gespréicher mussen elo am Vierdergrond stoen. 

E groussen Deel vun den aktuellen Diskussioune dréit sech ëm de Projet „Mobile Assisted Language Tool“ (MALT) fir den Office national de l’accueil (ONA). Et koum hei, wéi sech duerch en Audit bewisen huet, zu Ongereimtheete. Mir wëllen all dës Elementer integral an transparent opklären, an d’Suen, déi d’Partei onrechtméisseg erhalen huet, wäerten rembourséiert ginn. Als Parteileedung wëlle mir de ganzen Audit kréien, analyséieren a schlussendlech och d’Konklusiounen kommunizéieren. Heizou gehéiert och, dass déi Leit, déi mam Projet beoptraagt waren, hir Verantwortung huelen an sech net hannert der Partei oder der Vergaangenheet verstoppen a mat eis zesummen eng Léisung fannen. De Wëllen, fir finanziell Verantwortung z’iwwerhuelen, muss do sinn.

Schonns am Januar huet eis Parteileedung ugefaangen, eis Satzung ze verbesseren. De Projet MALT huet just nach eng Kéier confirméiert, wéi wichteg et ass, dass d’Partei sech moderniséiert a méi breet opstellt. Mir wëllen dëst och net hannert zouenen Diere maachen. Matbestëmmung ass eng Valeur, déi mir eis Piraten eis säit eiser Grënnung op de Fändel geschriwwen hunn. Ab September wäerten sech dofir all Bezierker mat der aktueller Satzung an de proposéierten Ännerungen an organiséierte Workshops beschäftegen. Dir wäert eng separat Kommunikatioun mat all den Informatioune betreffend Organisatioun, Modalitéiten an Inscriptioun kréien.

Ganz allgemeng gi vill Artikelen aus der Satzung vereinfacht, moderniséiert an un déi aktuell Besoinen ugepasst. Dëst betrëfft allgemeng Leetprinzippien, Entscheedungsprozesser a Responsabilitéiten. All dës Punkte sollen an de Workshops mat Iech beschwat ginn, dorënner virun allem dës geplangten Ännerungen:


• Nei Opdeelung vun der Verantwortung: D’Spëtzt vun der Partei soll geännert an duerch eng nei zesummegesate Parteileedung moderniséiert ginn. D’Verantwortung soll op méi Schëllere verdeelt ginn, dofir ginn och nei Posten an der Koordinatioun a Gestioun geschaaft.
• Konkret Ännerung vu Prozeduren: Intern Prozesser solle moderniséiert ginn a Kontrollmechanisme festgeluecht ginn, fir esou e Fall wéi MALT an Zukunft ze verhënneren. Heizou gehéieren och nei Reegelen, wat d’Accorde bei laangfristege Kontrakter ugeet an nei Deontologie-Reegele bei engem Intressekonflikt.
• Méi Flexibilitéit fir eis Membere bei engem aktiven Engagement an engem Comité.
• Kloerstellung an Adaptatiounen, wat déi juristesch Form vun der ASBL ugeet, besonnesch wat Ënnerschrëftberechtegung an d’Verantwortung vun de Memberen ugeet.

Weiderfuere wéi bis elo ass net méi méiglech. Dir gesitt, mir hu vill ze beschwätzen, an dat wëlle mir mat iech zesumme maachen. Mir mussen zesumme bestëmmen, wéi mir eis Zesummenaarbecht an Zukunft virstellen, an d’Piratepartei moderniséieren. D’Membere vun dëser Partei wäerten an de Workshops an um nächste Landeskongress wichteg Entscheedunge fir d’Zukunft huelen.

Ech drécke gären e Merci un all Memberen aus, déi d’Partei an der aktueller Situatioun ënnerstëtzen, déi sech an de leschte Wochen an der Press ausgedréckt hunn a generell all déi, déi eis trei bliwwe sinn. Äre Support a Vertrauen an dëser schwéierer Zäit sinn onschätzbar.

Mir hoffen dir gitt eis déi néideg Zäit fir all dëst bewältegen ze kënnen a bleift eis trei.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene