Mënschenhandel zu Lëtzebuerg – D’Piraten haken no

No engem rezenten Reportage op RTL, wëllen d’Piraten méi wëssen iwwert d’Situatioun vum Mënschenhandel hei zu Lëtzebuerg. De Marc Goergen an de Sven Clement froen bei de responsabelen Ministeren no. Hei fannt Dir d’Question parlementaire zum Sujet:

Rezent huet RTL Tëlee Lëtzebuerg en Documentaire publizéiert, bei deem et ëm ee presuméierte Fall vu Mënschenhandel am éislecker Stiedche Veianen geet. An dësem Fall hunn sech d’Affer zu Wuerd gemellt. Wéi vill Leit aktuell an ähnleche Situatioune stieche bleift ongewosst.
Aus dem Rapport annuel vun der ITM aus dem Joer 2019 geet betreffend dem Mënschenhandel Folgendes ervir :

“«En cas de constatation d’indices ou d’infractions dans le cadre de la traite éco-nomique, l’ITM établit un procès-verbal et le continue au Ministère public ainsi qu’à la Police grand-ducale qui est l’autorité compétente en matière de traite des êtres humains.»”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Procès-verbaux’en sinn zanter 2010, opgelëscht no Joer, un de Ministère public an/oder d’Police weidergeleet ginn ? 

  2. Wéi vill vun dëse Procès-verbaux’en sinn «sans-suite» klasséiert ginn ?

  3. Wéi vill Enquêtë betreffend Mënschenhandel konnten am Joer 2019 zu Lëtzebuerg ofgeschloss ginn a wéi vill Zäit ass fir déi eenzel Fäll, tëscht der éischter Plainte, respektiv dem éischte Procès-verbal an dem Uerteel vergaangen ?

  4. Ass de legale Kader betreffend dem Mënschenhandel an den Ae vun den Dammen an Häre Ministeren nach zäitgeméiss ? Ass virgesinn der ITM méi Moyenen ze ginn, fir géint Fäll vu Mënschenhandel virzegoen ?

  5. Wéi kann een an den Ae vun den Dammen an Häre Ministeren d’Kommunikatioun tëscht de verschidden Instanze verbesseren ? Wéi kéint een d’Zesummenaarbecht tëscht de Verwaltungen optiméieren ?

  6. Wéi steet den Här Minister zum Fait, datt d’ITM, RTL-Infromatiounen no, deelweis iwwerfuerdert ass mam Opschaffe vu komplexe Firmenkonstrukter an deemno vun de Moyenen hier net à même ass, fir een adequate Suivi vu verschidden Affäre kënnen ze assuréieren ?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2553

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Zu Lëtzebuerg gëtt d’Kommunikatioun tëscht Bierger:innen a Verwaltungen duerch d’Gesetz vum 24te Februar 1984 sur le régime des
Bei den CFL kann d’Personal aus dem Cadre permanent ee Promotiounsexamen an hirer jeeweileger Carrière maachen. D’Leit, déi den Examen packen, kënnen esou an
Den Inneministère hat de Gemengen am Joer 2022 an der Circulaire n°4062 matgedeelt, dass si d’Bierger:innen bei Entscheedungen am Bréif mussen iwwert hir juristesch