Mëndlech Fro un de Bildungsminister iwwert d’Quarantaine an de Schoulen

Am Kader vun der Froestonn vum 30te Juni 2020, hu mir dem Minister fir Bildung eng mëndlech Fro zu den Covid-19-Neiinfektiounen am Bildungsberäich an zu de Prozeduren, déi de Confinement vu Schoulklassen betreffen, stellen. Notamment wollte mir wëssen:

1. Wéi vill Klassen sinn aktuell an der Quarantaine?
2. Wéi vill Schüler sinn aktuell an der Quarantaine?
3. Ass d’Mise en Quarantaine elo d’Standardprozedur, wann et ee positive Coronafall an enger Klass gëtt?
4. Ginn och d’Familljen vun engem Schüler, deen ënner Quarantaine ass, ënner Quarantaine gesat?
5. Kënnen d’Elteren am Fall vun dëser Quarantaine vum Congé pour raisons familiales Covid-19 profitéieren?

Zesummenhang posts

Context: Etat de la nation 2024 D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Datt eng Réi Mesuren nom Logementsdësch der Chamber proposéiert gi sinn. Dës
Context: Etat de la Nation 2024 D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Déi viregt Regierung sech d’Zil gesat hat, datt bis 2030 solle 50
De Plan d’action national pour la promotion des droits des personnes LGBTIQ vun 2018 hält fest, dass eng reegelméisseg Evaluatioun vun der Ëmsetzung vum