Memorandum of Understanding mat Cisco

2018 huet de Premierminister um Weltwirtschaftsforum zu Davos ee Memorandum of Understanding (MoU) mat Cisco ofgeschloss, enger US-amerikanescher Firma am Bereich vun der Telekommunikatioun. Aus dësem MoU. Aus den Informatiounen, déi Cisco an d’Regierung bereet waren dem Public matzedeelen*, léisst sech erausschléissen, datt d’Kollaboratioun tëschent Cisco der lëtzebuergescher Regierung kuerz resüméiert een digitalen Acceleratiounsplang fir Lëtzebuerg virgesäit, dee folgend Domainer betrëfft:
1. Bildung: D’UNI.LU striewt zesumme mat Cisco eng Moderniséierung vum Bildungswiesen un a bitt dofir iwwert d’Uni Lëtzebuerg d’ “Networking Academy” un.
2. Berodung duerch Cisco am Beräich vun der Cybersécherheet mam Zil d’lëtzebuergesch Wirtschaft an d’Donnéeë vun de Biergerinnen a Bierger ze schützen.
3. Internet of Things: Lëtzebuerg wëll an technologesch Innovatioun investéieren a mat Cisco zesummen “connect what is not yet connected”
4. Fintech: D’Regierung wëll de Finanzinstitutiounen hëllefen bei der Digitaliséierung ënnerstëtzen. Cisco bitt de Firmen op der Finanzplaz Sécherheetssystemer un fir d’Cyberattacken ze verhënneren an d'”Customer Experience” ze verbesseren.

*(Source: https://newsroom.cisco.com/press-release-content?type=webcontent&articleId=1906912)

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Existéieren konkret zäitlech Virgaben, déi Cisco am Kader vun digitalen Acceleratiounsplang respektéiere muss? Existéiert zum Beispill een Punkten–oder Phaseplang, dat heescht een Accord doriwwer ob eng gewësse Phase am Prozess vun der Digitaliséierung zu engem bestëmmtenen Datum muss erreescht sinn?

  2. D’Wort hat an engem Artikel vum 23te Januar 2018 beriicht:
    “”Doch nicht nur große Unternehmen sollen Teil dieser digitalen Welt sein. Auch mittelständische und kleine Betriebe werden in Luxemburg durch das CDA-Programm unterstützt.””

    Wéi ginn déi extern Acteuren – wéi zum Beispill lokal Firmen, d’Gemengen an d’Zivilgesellschaft – mat an den “Digital Acceleration Program” agebonnen an integréiert a kënnen dës Acteuren sech och aktiv un dësem Programm bedeelegen?

  3. Vu, datt Lëtzebuerg och am Beräich vun der Cybersécherheet mat Cisco kooperéiert, besteht hei net de Risiko an Ofhängegkeet vun enger US-amerikanescher Firma ze geroden?

  4. Fir d’Entwécklung vum Internet of Things, ass hei geplangt d’Smart-City-Konzepter an eenzelne Stied zu Lëtzebuerg anzeféieren oder soll dat ganzt Land an enger Prozedur vernetzt ginn?

  5. Wéi eng Smart-City-Konzepter sinn aktuell fir Digital Luxembourg geplangt a wéi eng Konzepter ginn aktuell schonns applizéiert?

  6. Bidd d’Cisco Networking Academy op der Uni Lëtzebuerg och Trainingsprogrammer fir Stadtplaner un?

  7. Mam Internet of Things an dem Erriichte vun digitale Strukturen gewannen d’perséinlech Donnéeë vun alle Biergerinnen a Bierger ëmmer méi Wäert. Wäert d’Regierung ënnert dësem Bléckwénkel eng Approche anhuelen, déi op Dezentraliséierung an Demokratiséierung setzt an un Initiativen, wéi zum Beispill de Projeten “Decode Europe” oder “Public Money Public Code” deelhuelen? Falls nee, firwat net?

  8. Op wéi eng Donnéeën huet Cisco am Kader vun dësem MoU Zougrëff an ass d’legal Basis konform mam Uerteel vum EuGH, dat den EU-US-Dateschutzschild (Privacy Shield) fir ongëlteg erkläert huet? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2733

Zesummenhang posts

Am Juli 2023 hat ech dem Minister e puer Froen zum Subside de Qualité+ an dem Règlement grand-ducal vum 23ten Dezember 2016 gestallt (Fro
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.