Méiglechen neie Reakter zu Cattenom

Rezent Medieberichter no huet den Direkter vum Atomkraaftwierk zu Cattenom fir d’éischt d’Méiglechkeet vun engem neie Reakter vum Typ EPR op der Plaz ugeschwat. Dëst wier eng wesentlech Weiderentwécklung vun der Atomkraaft op der franséischer Säit vun der Grenz, déi och Auswierkungen op Lëtzebuerg kéint hunn. Bis ewell gouf et keng offiziell Stellungnam vun der Regierung zu dëser Fro. Am Interêt vun der Ëffentlechkeet an am Hibléck op d’Sécherheet an d’Ëmweltschutz ass et wichteg, datt d’Regierung hir Positioun zu dëser Entwécklung matdeelt a kloer Stellung bezitt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Regierung iwwer déi rezent Aussoen iwwert e méiglechen neie Reakter zu Cattenom informéiert ginn, a wa jo, wat ass hir Positioun dozou? 

  2. Wéi eng Moossnamen hëlt d’Regierung fir d’Sécherheet vu Lëtzebuerg ze garantéieren, falls e weidert Atomkraaftwierk no bei eise Grenze gebaut gëtt? 

  3. Wäert d’Regierung mat de franséischen Autoritéiten a Kontakt trieden, fir hir Suerg iwwer dës Pläng matzedeelen an op d’Risike vun der Atomkraaft opmierksam ze maachen? 

  4. Wéi eng Alternativen zur Atomkraaft gesäit d’Regierung, fir eng nohalteg an zouverlässeg Energieversuergung an der Groussregioun ze erreechen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1919

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt