Méi Suen fir selwer produzéierte Stroum

D’PIRATEN hu sech dofir agesat, dass Leit, déi selwer Stroum iwwert hir Photovoltaikanlag produzéieren, an Zukunft besser Tariffer solle kréien.

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Fir Januar 2025 warnen den ILR an d’Stroumnetzbedreiwer d’Konsumenten, dass d’Käschte fir de Stroum ëm bis zu 30% wäerten erop goen. Duerch eng nei Formel bei der Berechnung vun de Netzkäschten riskéiere grad déi Leit, déi d’Energiewend ënnerstëtzen an a Wärmepompelen an Elektroautoen investéieren, finanziell benodeelegt ze ginn.
  • D’Stroumgesetz vum 2007 souwéi ee groussherzoglecht Reglement vum 7ten Abrëll 2022 gesi vir, dass d’Leit vun engem Aspeisetariff fir selwer produzéierte Stroum vun hirer Photovoltaikanlag kënne profitéieren, dee fir d’Joer 2025 bei 0,1374 Euro pro Kilowattstonn leit.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. fir de staatech garantéierten Aspeisetariff, deen ee kritt fir selwer produzéierte Stroum aus senger Photovoltaikanlag, z’erhéijen.
  2. fir de variabelen Aspeisetariff, deen ee kritt fir selwer produzéierte Stroum aus senger Photovoltaikanlag, minimal festzesetzen.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt