Méi streng Reegele fir d’Spekulatioun um Wunnmarché ze bekämpfen

D’Logementskris zu Lëtzebuerg kennt vill Verléierer. Et ginn awer och vill Gewënner, virun allem bei de Promoteuren an Immobilienagencen. D’Piraten hu wärend dëser Legislatur eng Rei Moossname proposéiert, fir d’Spekulatioun um Wunnengsmaart ze bekämpfen a fir d’Profitgier vu Groussgrondbesëtzer, Promoteuren a gréisseren Immosagencen ze bekämpfen.

D’Wunnengskris huet sech wärend dëser Legislatur fir vill Leit verschäerft a betrëfft hautzedags net nëmmen Leit, déi op der Sich no hirer éischter Wunneng sinn, mee och Persounen, déi ee Prêt mat variablem Zënssaz lafen hunn. D’Logementskris zu Lëtzebuerg kennt deemno vill Verléierer. 

Op der anerer Säit ginn et awer och vill Gewënner. D’Zuele vum Observatoire de l’Habitat weisen, dass e puer grouss Promoteuren an Eenzelpersounen ee Groussdeel vun de Bauterrainen hei am Land besëtzen. Eng rezent Etüd vun der onofhängeger Konkurrenzautoritéit huet gewisen, dass virun allem d’Promoteuren an de leschte Joren gutt Margen op hire Verkeef gemaach hunn, ouni, dass doduerch d’Bauaktivitéit substanziell an d’Luucht gaange wier.

Mir Piraten sinn net géint d’privat Initiative, mee mir sinn dogéint, dass grouss Promoteuren an Immos-Agencen sech als Affer duerstellen, wärend si Milliounen u Profitter asäckelen. D’Piraten hunn sech dofir an dëser Legislatur dofir agesat, dass d’Spekulatioun um Wunnengsbau bekämpft soll ginn:
• Mir hunn an der Chamber eng Motioun gestallt, fir eng Lex Koller, nom Schwäizer Modell anzeféieren. An der Schwäiz existéiert ee Gesetz, datt et auslänneschen Investisseure verbitt, fir um Wunnmarché aktiv ze ginn. Mir hunn an der Chamber d’Cellule Scientifique domadder beoptraagt, dozou eng juristesch Analysen z’erstellen, fir ze kucken, ob a wéi eng Lex Koller hei am Land, ënnert dem Anhale vum EU-Recht, kéint ëmgesat ginn.
•  D’Piraten hunn an der Chamber eng Gesetzespropos (n°7951) agereecht, déi d’Kommissioune vun den Immobilienagencen deckele soll. D’Iddi kéint een och op de Bau vu Wunnengen uwenden, andeems d’Plus-Value vun de private Promoteure méi an d’Zaang hëlt.
• Mir haten 2021, ee Joer virun der Regierung, eng eege Gesetzespropos ofginn (n°7878), fir eng geziilte Mobiliséierungssteier opzestelle fir Bauterrainen, déi haut scho kënne bebaut ginn. Fir kleng Proprietären a kleng Besëtzer an hir Kanner net ze bestrofen, ass an eiser Formel eng gewëssen Unzuel u Bauland fir de perséinleche Bedarf virgesinn.

D’Piraten wäerten dës Positiounen och weiderhin héichhalen an dofir suergen, dass d’Spekulatioun an d’Profitgier um Wunnmarché bekämpft gëtt. 

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat