Communiqué
Virun 10 Joer sinn déi Gréng mat an d’Regierung-Bettel-1 gaangen. Am Koalitiounsaccord vun 2018 gouf bis 2030 een Energiemix aus 25% erneierbaren Energiën als Zil festgehalen. Am PNEC ware fir 2020 197 GWh Stroum, deen duerch Photovoltaik sollt produzéiert ginn, virgesinn, fir dës 25% z’areechen. Realiséiert goufen der awer nëmmen 160. 2025 sollen et laut PNEC ganzer 786 GWh sinn. Mir Pirate gleewen net dodrunner, dass ënnert dem Här Turmes (déi Gréng) dëst Zil areecht wäert ginn.
Dofir fuerdere mir datt:
• all d’Parkingen zu Lëtzebuerg mat Photovoltaikanlagen iwwerdaacht ginn*
• all d’Residencë mat Photovoltaik equipéiert ginn*
• all d’ëffentlech Gebaier mat Photovoltaikanlagen equipéiert ginn.* Déi 4% déi mir laut dem Minister Turmes bis elo hei erreecht hunn sinn eng Schan.
(*do, wou et méiglech ass)
Do, wou d’Proprietäre vun de Gebaier sech dat net selwer leeschte kennen oder wëllen, soll de Staat d’Photovoltaikanlagen virfinanzéieren. Dee Moment soll de Rendement aus dësen Anlage fir 10 Joer un de Staat goen an an d’Recette vun der Pensiounskeess fléissen. Bei ronn 10’000 Wunnhaiser, déi dofir eligibel wieren, wier dat eng Verdueblung vun eiser Solarstroumproduktioun.
Mir Piraten zéien och ganz kloer den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) an d’Verantwortung. D’Handwierk gouf vum Educatiounsministère vill ze laang vernoléissegt. Déi Jonk an hir Eltere goufen net genuch op d’Chancen am Handwierk a virun allem an den erneierbaren Energien opmierksam gemaach. Hei muss ee séiert Ëmdenken an eiser Gesellschaft hir, well ouni Handwierker wäerte mir d’Energietransitioun net hikréien.
Gläichzäiteg fuerdere mir Piraten och, dass de Merit-Order-Prinzip iwwerschafft gëtt a Leit, déi Solarstroum notzen, och Solarstroum bezuelen.
Mir Pirate stinn an fir erneierbar Energiën, déi net nëmmen d’Zukunft vun eisen zukünftege Generatioune sécheren, mee eis och onofhängeg vun Autokraten an Diktatore maachen.