Méi séier bauen beim Staat

 Déi nei Regierung huet sech op de Fändel geschriwwen, fir d’Prozeduren am Bau ze vereinfachen an d’Bauen esou ze beschleunegen. An deem Kader freet een sech dann, wou een dës ka beschleunegen. Dëst fir d’éischt beim Staat selwer, wou vill verschidden Acteure mussen zesumme schaffen, dëst zum Beispill am Kader vum Bau vu Centres culturels, Schoulen an anere Gebaier.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi schafft den SNSFP, d’ITM an zum Beispill den CGDIS bei staatleche Projeten zesummen? Bei wéi engen Etappen ass dëst de Fall?

  2. Wéi eng Ressourcen a Prozedure kéint een hei zesummeleeë fir d’Prozedur insgesamt ze beschleunegen?

  3. Falls d’Regierung heizou nach keng Ausso ka maachen, wäert si dës Analys dës Legislaturperiod maachen? Falls jo, bis wéini? Falls nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 671

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt