Medium Earth Orbit Global Services

De 16te Mee 2023 huet d’Chamber de Gesetzesprojet 8156 ugeholl, mat deem de Programm «Medium Earth Orbit Global Services » (MGS) finanzéiert sollt ginn. Bei dësem Programm geet et drëms zesumme mat den USA Kapazitéiten vun engem Satellittesystem bei der SES ze kafen. 

D’Rapportrice vum Gesetzesprojet huet deemools gesot, dass de System Enn 2023 oder Ufank vun dësem Joers kéint operationell sinn an eis Arméi dann domadder ufänke kéint mat schaffen. Grad wéinst dem Iwwerfall vun der Ukrain duerch Russland kéint Lëtzebuerg esou och der Ukrain Kapazitéiten vu Satellitten zur Verfügung stellen. 

Stand haut ass de System awer net operationell.

An deem Kontext wëll ech mat der zoustänneger Ministesch iwwert de Stand vum Projet Medium Earth Orbit Global Services (MGS) diskutéieren a wësse bis wéini de Projet operationell ass an een der Ukrain déi néideg Kapazitéite liwwere kann.

Erweidert Fro n°8

Verlaf an der Chamber

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen