Medezinesche Cannabis

2018 ass de Gesetzesprojet zum medezinesche Cannabis gestëmmt ginn. Leider koum et d’lescht Joer zu enger Réi vu Ruptures de Stock wouduerch d’Patienten hu missten op aner Medikamenter zréckgräifen. D’Pilotphase sollt no 2 Joer an engem Rapport evaluéiert ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. An der Äntwert op d’Fro n°4349 huet d’Ministesch erkläert, dass de Rapport zur Evaluatioun vun der Pilotphase vum medezinesche Cannabis soll am Hierscht 2021 ofgeschloss sinn.  Ass de Rapport mëttlerweil disponibel? Wa jo, ass dësen ëffentlech zougänglech?

  2. Wéi eng Quantitéiten u Stock si momentan u blo, giel a rout markéiertem medezinesche Cannabis a Cannabis-Ueleg disponibel?

  3. Wéini wäerte weider Quantitéite bestallt ginn?

  4. Koum et an deene leschte 6 Méint nach zu Ruptures de stock?

  5. Wéi vill Persoune kréie momentan medezinesche Cannabis verschriwwen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6171

Wëll Onkloerheete bestoungen hunn d’Piraten eng Nofro gestallt:

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt