Medezinesche Cannabis – komme Verbesserungen?

Am Mee 2022 gouf een éischte Rapport zum Pilotprojet vum medezinesche Cannabis publizéiert. Mëttlerweil ass d’Verschreiwung vu medezineschem Cannabis säit 4 Joer zu Lëtzebuerg méiglech. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Firma gouf ausgewielt, fir de Stockage an d’Liwwerungen un d’Klinicken z’iwwerhuelen? Op Basis vu wat fir enge Krittäre gouf dës Firma ausgewielt?

  2. Am Kader vun der Evaluatioun goufe verschidde Problemer mat dem Logiciel “MSCAN” festgestallt. Dofir sinn d’Auteuren der Meenung, dass e Lien mat dem Persouneregëster an dem MedPerSanitas, dem Regëster vun den Dokteren hei am Land, géif Encodatiounsfeeler verhënneren.
    Wéi steet de Ministère (och eng Vue vum Tiers payant généralisé) zu dëser Recommandatioun? 

  3. An der Äntwert op d’Fro n°7112 huet d’Madamm Ministesch erkläert:
    “”Bis op den 30. November 2022 si 6 Fläsche Cannabis-Ueleg aus dem Stock erausgaangen.””

    An der Äntwert op d’Fro n°6171 hat d’Madamm Ministesch erkläert, dass den 30ten Mee 2022 ronn 300 Fläschen Ueleg am Stock wieren.
    • Wéi vill Fläschen Ueleg si mëttlerweil u Patiente verdeelt ginn?
    • Gëllt nach ëmmer eng Limitatioun, fir den Ueleg just un nei Patienten ze verdeelen?

  4. Am Rapport gëtt dann och erkläert, wéi d’Verschreiwungen um medezinesche Cannabis gehandhaabt ginn. Anescht wéi bei normalen Ordonnancen, ginn hei Carnets à souche un d’Doktere verdeelt, déi si och mussen zréck schécken un Division de la pharmacie et des médicaments fir een neie Block ze kréien.

    Ass dëse System, dee méi Opwand fir d’Doktere bedeit, bäibehale ginn?
    • Wa jo, firwat?
    • Wann nee, duerch wat gëtt en ersat?

  5. Vu Februar 2019 op Februar 2021 ass eng Hausse vun 360% vun de Verschreiwunge vu medezineschem Cannabis festgestallt ginn. Spidolsapdikte kruten an dësem Zäitraum 778% méi Cannabis geliwwert.
    • Wéi huet de Volummen u geliwwertem Cannabis säit Februar 2021 bis haut evaluéiert?
    • Wéi hunn d’Verschreiwunge säit Februar 2021 evaluéiert?

  6. 70% vun de Patienten hu wärend der Pilotphase ëmmer dee selwechte Produit geholl. Dëst wéisst wéi wichteg eng ofgeséchert Liwwerketten ass. Eng Recommandatioun aus dem Rapport ass ganz kloer, fir d’Fournisseuren ze diversifizéieren. D’Gesondheetsministesch an de Landwirtschaftsminister haten an deem Kontext fir Enn 2022 eng juristesch Etude ugekënnegt, fir den Ubau vu medezineschem Cannabis zu Lëtzebuerg z’erlaben.
    Bis wéini viséieren d’Ministèren, dass dëse Projet soll an d’Realitéit ëmgesat ginn? 

  7. Wäert d’Regierung op de Wee vun enger Verdeelung vum medezinesche Cannabis duerch “normal” Apdikte goen, wéi et och am Rapport recommandéiert gëtt ?
    • Wa jo, wat ass hei den Zäitraum?
    • Wa nee, firwat gouf d’Recommandatioun vum Rapport net ëmgesat?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7876

Zesummenhang posts

Kaderprogramm Péiteng 2023