Material fir den Télétravail

Mat der Konventioun vum 20ten Oktober 2020 an dem groussherzogleche Reglement vum 22te Januar 2021 goufen d’Rechter vun de Salariéeë am Télétravail festgehalen. Am Fall, wou een Employé méi wéi 10% vu senger Aarbechtszäit doheem schafft, muss de Patron dem Salarié all néidegt Equipement fir d’Aarbecht doheem zur Verfügung stellen, respektiv bezuelen.  Dësen Accord gëllt net e.a. fir Salariéeë mat engem “Statut de droit public ou assimilé.” Duerch d’Pandemie huet den Télétravail ganz nei Ausmoossen ugeholl. Esou hunn och d’Enseignanten méi op dësen Outil missten zréckgräife, virun allem a Wochen, wou Homeschooling muss gemaach ginn, wéi am Februar d’lescht Joer. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gouf dem Léierpersonal, am Kader vum Homeschooling 2020 an 2021, dat néidegt Material zur Verfügung gestallt ?

  2. Kann d’Léierpersonal zu all Moment op dëst Material zréckgräifen, falls den Homeschooling an enger Klass erëm sollt agefouert ginn?

  3. Am Fall, wou d’Léierpersonal selwer misst fir d’Material opkommen, wieren dës Käschte da steierlech ofsetzbar? Falls jo, ënnert wéi enger Kategorie?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5505

Zesummenhang posts

Context: Interpellation n°3075: Perspectives de développement de l’économie luxembourgeoise D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Déi europäesch Zentralbank huet bannent engem Joer de Leetzëns
Dem Busverkéier kënnt eng Schlësselroll beim ëffentlechen Transport an eisem Land zou. Heibäi däerfe mir net nëmmen u Fuerpläng, u Bus-Couloiren an un d’Fuermaterial