D’Universitéit Lëtzebuerg bitt zënter 2015 e Masterprogramm “Master in Logistics and Supply Chain Management” un, deen am Kader vun enger trilateraler Kooperatioun mat dem Massachusetts Institute of Technology (MIT) an der Luxembourg Centre for Logistics and Supply Chain Management (LCL) entstanen ass. Dëse Programm genéisst international een exzellente Ruff an ass als déi beschte Formatioun a sengem Beräich weltwäit unerkannt (1. Plaz am Eduniversal Best Masters Ranking in Supply Chain and Logistics TOP 100 Worldwide).
Mat grousser Besuergnes hunn ech festgestallt, datt d’Uni.lu fir d’Studiejoer 2026-2027, wéi si op hirer entspriechender Websäit ukënnegt, keng nei Studenten an dëse Masterprogramm wäert ophuelen, ouni datt weider Erklärungen oder Grënn dofir genannt ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Den trilaterale Vertrag gouf virun exakt 10 Joer ënnerschriwwen. Wat ass d’Zukunft vum Luxembourg Centre for Logistics (LCL) an dem LSCM-Programm? Gëtt de Vertrag verlängert an, wa jo, zu wéi enge Konditiounen?
-
Firwat gi fir d’Studiejoer 2026-2027 keng nei Studenten an de Masterprogramm opgeholl? Op wéi enge Grënn baséiert dës Entscheedung?
-
Gouf et eng Evaluatioun vum Centre an dem LSCM-Programm? Wann jo, wou kann dës fonnt ginn a no wéi enge Krittäre gouf d’Bewäertung gemaach?
-
Kuckt een déi héich international Visibilitéit, d’Unerkennung an d’Reputatioun vum Programm (1. Plaz am internationale Ranking), gëtt d’Partnerschaft mat dem MIT verlängert?
• Wa jo, zu wéi enge Konditiounen?
• Wa nee, firwat net? -
Well de Programm aktuell en 1-Joer-Master ass, ass virgesinn, dësen an en 2-Joer-Master ëmzewandelen? Wann jo, géif dat zu engem allgemenge Managementprogramm féieren?
-
Firwat ass de Centre ënnerbesat (nëmmen 3 Professere, keen Outreach) a wäerten d’Ressourcë vum Centre verstäerkt ginn, fir d’Kontinuitéit vu Fuerschung, Léier an Outreach-Aktivitéiten ze garantéieren?
-
Wéi eng Impakt huet dës Entscheedung op d’Studenten, déi aktuell am Programm ageschriwwe sinn? Gi se bis zum Enn vun hirer Formatioun betreit?
QP Nummer 3294