Accès zum Master an der Educatioun

Un eis si Fäll erugedroe gi vu Leit mat engem Bachelorofschloss an der Educatioun, déi gären op der Uni.lu hir Studie weidergefouert hätten. Dës Leit kruten awer vun der Uni.lu ee Refus wann hire Bachelorofschloss 180 ECTS amplaz 240 ECTS konnt virweisen. Dobäi erkennt de Lëtzebuerger Staat dësen Diplom awer als Bachelordiplom un. D’Uni.lu erkläert d’Ufuerderung vun den 240 ECTS am Bachelor, fir Accès zum Master vu 60 ECTS ze kréie, wier vun de Ministèrë komm. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch dës Faiten esou bestätegen? Gouf et déi Ufuerderung vun den 240 ECTS säitdeem d’Uni.lu de Masterstudiegang mat 60 ECTS proposéiert oder gouf dës Reegelung eréischt méi spéit agefouert? Falls jo, firwat?

  2. Ass d’Regierung net der Meenung, datt een de Masterstudiegang sollt fir jiddereen zougänglech maachen, deen ee Bachelordiplom huet, deen zu Lëtzebuerg unerkannt ass?

  3. Laut eisen Informatiounen si Gespréicher amgaange fir eng Validation des acquis de l’expérience hei mat an de Calcul opzehuelen, fir hei deene Leit awer Accès ze ginn, déi schonn am Beruffsliewe sinn. Wou sinn dës Gespréicher drun? Wat ass hei déi genau Deadline, déi een sech gëtt fir eng Decisioun ze treffen?

  4. Wäert d’Ministesch dofir suergen datt ab der Rentrée 2024/25 all Interesséierte ka mat engem Bachelordiplom an der Educatioun de Master an der Educatioun op der Uni.lu maachen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 974

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt