Mask vs. Buff?

De Premierminister huet a senger Deklaratioun den 8tee Mee 2020 an der Chamber d’Bemierkung gemaach, dass d’Droe vu stoffene Masken net esou gutt protegéiert ewéi d’Droe vu chirurgesche Masken. Am Kader vun der Reouverture vun de Schoulen ass am Lëtzebuerger Wort-Artikel vum 24ten Abrëll ze liesen, datt d’Schüler wéinst der Gréisst vun de chirurgesche Masken keng souer géife kréien, mee ee Buff. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Am Zesummespill mat den anere Gestes Barrièren, schützt d’Droe vun engem d’Buff d’Kanner manner virun enger Infektioun mam Coronavirus ewéi d’Droe vu chirurgesche Masken?

  2. Ëm wéi vill Prozent senkt de Risiko vun enger Infektioun mam Droe vun enger chirurgescher Mask
    • par Rapport zu enger stoffener Mask?
    • par Rapport zu engem Buff?

  3. Feststellend, datt am ëffentlechen Transport Droe vu Masken ab 12 Joer obligatoresch ass, wäert déi nämmlecht Mesure och an de Schoulen applizéiert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2168

Zesummenhang posts

Den 18ten Oktober invitéiert de Chef d‘État Major vun der Arméi op ee Concert mam Titel „Fënnef Joer Engagement fir d‘Arméi“. Dësen Owend, zu
Le parti Pirate a tenu le 29 septembre une conférence de presse sur le sujet “Un monde du travail équitable pour aujourd’hui et demain”.