Manktem u Fleegefamilljen

An engem Interview bei RTL Lëtzebuerg weist d’Associatioun “Fleegeeltere Lëtzebuerg” op e grousse Mangel u Fleegefamilljen op nationalem Niveau hin. Konkret gëtt gesot: „475 Fleegefamillje ginn et am Land, mee et bräicht een der Duebel sou vill, fir datt d’Kanner net méi an Institutioune misste placéiert ginn.“ Ënnert anerem gëtt eng Gläichstellung vu Fleegeeltere mat Adoptiveltere gefuerdert, fir de Fleegeelteren esou och Virdeeler wéi de Congé d’accueil a Congé parental kënnen ze offréieren. Aktuell ass et esou, dass Fleegefamilljen den Accueil och unhand vun hirem normale Congé mussen assuréieren.
Den Office national de l’enfance (ONE) vum Educatiounsministère gesäit esou Mesuren éischter kritesch a weist dorops hin, dass e Placement vun engem Kand an enger Fleegefamill just eng temporär Mesure wier.
Vun engem Träger um Terrain gëtt eis bericht, dass et nëmmen an enger Minoritéit vu Fäll dozou kennt, dass d’Kanner zréck bei hier biologesch Eltere ginn. Et géif sech hei also net em temporär Mesuren vu kuerzer Dauer handelen.
D’Situatioun um Terrain an déi doraus resultéierend Besoine ginn also relativ ënnerschiddlech duergestallt.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat plangt de Ministère u Mesurë fir d’Fleegefamilljen ze ënnerstëtzen an de constatéierte Mangel um Terrain ze berengegen? 

  2. Wéini plangt de Ministère de Fleegefamilljen de Congé d´accueil an de Congé parental ze accordéieren? Falls net geplangt, aus wéi enge Grënn envisagéiert de Ministère dës Mesure net ze huelen?

  3. Wéi vill Kanner sinn insgesamt am Kader vum aktuelle Jugendschutzgesetz placéiert ginn (Historique total)? 

  4. Wéi vill vun dëse Kanner sinn aus engem Placement erëm bei hir biologesch Elteren zréckgaangen?  A wéi laang waren dës betraffe Kanner jeeweils bei hire Fleegefamillje placéiert?

  5. Wat war am Kader vum aktuelle Jugendschutzgesetz déi kierzten an déi längsten Dauer vun engem Placement? 

  6. Wann een all Placementer am Kader vum aktuelle Jugendschutzgesetz consideréiert, wat ass déi duerchschnëttlech Dauer vun engem Placement?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 359

Zesummenhang posts

Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen
 Ee WORT-Artikel vum 23ten Dezember 2024 hat informéiert, dass op der Schnellstreck vum Tram tëschent der Stad an dem Belval elo dach ee weideren