Mammografie fir Persoune mat engem Handicap

Broschtkriibs ass eng vun deenen heefegste Kriibszorte bei Fraen an all Joer stierwen dausende Frae weltwäit un dëser Krankheet. Dowéinst ass grad d’Präventioun hei enorm wichteg an zur Präventioun gehéiert dann och d’Mammografie.

Eis gouf zougedroen, dass Persounen am Rollstull, déi net kënne stoen, gesot kruten, et wier net méiglech, eng Mammografie maachen ze loossen. Frae misste fir eng Mammografie stoe kënnen, wat fir eng Persoun am Rollstull a ville Fäll Opgrond vun hirer kierperlecher Aschränkung guer net méiglech ass. An der Broschür zum Programm vun der Mammografie vun der Santé steet ze liesen: “Bei Mobilitätsproblemen kann die Mammographie auch im Sitzen durchgeführt werden.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch bestätegen, dass eng Persoun net muss fir eng Mammografie kënne stoen an datt se och am Sëtze ka gemaach ginn?

  2. Sinn dem Ministère Fäll bekannt, wou Persoune mat engem Handicap falsch Informatiounen zur Mammografie am Sëtze kruten a wat gedenkt d’Ministesch ze ënnerhuelen, fir dass esou Virfäll an Zukunft net méi virkommen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 703

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen