Mam Zuch ënnerwee

A menger Fro Nummer 481 wollt ech wëssen, wéi oft Ministere fir hir Aarbechtsvisitten op Privatjets zeréckgräifen. Dat ware laut Äntwert 61 Flich an de leschte 5 Joer. D’Mobilitéitsministesch mécht an enger Social Media Kampagne awer Reklamm domadder, dass d’Regierungsmemberen och mam Zuch op Aarbechtsvisitte fueren. An engem Bäitrag op der Plattform X vum 19te Juni weist sech d’Mobilitéitsministesch zum Beispill op enger Foto an engem Zuch um Wee op Dikrech.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann déi aktuell Regierung eng Lëscht virleeë mat alle Reesen, déi zënter dem Untrëtt gemaach goufen a fir déi ee Minister den Zuch geholl huet a wou folgend Informatiounen enthält:
    • Zuchstreck (Lieu de départ & Arrivée);
    • Käschte vum Trajet;
    • Notznéisser (Ministère).

  2. Wéi vill Sue goufe fir d’Social Media Kampagne zu dësem Sujet ausginn?

  3. Ass eng weider Social Media Kampagne geplangt, wou gewise gëtt, wéi Regierungsmembere mam Zuch fueren? Falls jo, wéi eng?

Verlaf an der Chamber¨

QP Nummer 957

Nofro:

An der Äntwert op d’Fro n°957 huet d’Regierung geäntwert:
“Et goufe keng Sue fir déi Foto an de Post op X vun der Mobilitéitsministesch fir den Deplacement den 19. Juni op Dikrech ausginn. An der Reegel ass et esou, dass e Beamten/in, deen/déi si begleet oder d’Ministesch selwer eng Foto mecht. D’Ministesch ass an den neien Technologië verséiert genuch, grad esou ewéi vill vun hiren Kolleegen/innen, fir selwer an den sozialen Medien ze posten.”

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Kann Ministesch bestätegen oder widderleeën, dass fir verschidde Chamberskommissiounen extra eng Fotografin mat komm ass, fir d’Ministesch ze fotograféieren, obwuel vun der Chamber Fotoen geholl gi sinn?Wat ass d’Roll vun dëser Persoun, déi d’Fotoen hei geholl huet? 
  2. Verwalten, ausser der Ministesch, nach aner technologie-verséiert Persounen d’Social Media Profiler vun der Ministesch? Falls jo, sinn hei Staatsbeamten drënner?

Fro n°1122

Verlaf an der Chamber

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen