Magasinn ‘Gudd!’

An der aktueller Nummer 9 vum Magasinn “Gudd!”, dat jo vum Landwirtschaftsministère erausginn an zum gréissten Deel och finanzéiert gëtt, sinn eng ganz Rei Annoncen déi direkt oder indirekt vum Staat inseréiert ginn. Hei e puer Beispiller: d’Antigaspi-Campagne (S. 9), d’Large Scale Testing-Annonce vun der Santé (S. 47), d’Annonce LUGA fir “Luxembourg Urban Garden” (S. 51), d’Annonce “Sou schmaacht Lëtzebuerg” (S. 63) a schliisslech d’Brout-Annonce ganz zum Schluss. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Ginn all dës Annoncen iwwert den Editeur gebucht a falen do och Provisoune fir d’Publizitéitsagence drënner?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4603

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt