luxtrust

Säit dem 31. Dezember 2024 ass d’elektronesch Ënnerschrëft op MyGuichet.lu net méi disponibel. Wéi de CTIE matdeelt, läit dëst un engem Problem bei engem externe Prestatairen. Dëst ass besonnesch kritesch well vill Bierger grad um Enn vum Joer wichteg administrativ Demarchen, wéi zum Beispill d’Steiererklärung, wollten ofschléissen.
D’Digitaliséierung vun eise staatleche Servicer ass e wichtegt Element fir d’Modernisatioun vun eisem Land. Allerdéngs weist dësen Tëschefall op, datt eis digital Infrastruktur eventuell net genuch ofgeséchert ass géint technesch Problemer. D’Bierger mussen sech zu all Moment op dës Servicer kënne verloossen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. War nëmmen d’LuxTrust-Signature betraff oder och d’Signature mat GouvID.lu? Falls nëmmen eng vun de Léisunge betraff war, firwat gouf déi aner net als Backup agesat?

  2. Wéi erkläert d’Ministesch, datt e Problem bei engem externe Prestatairen esou eng zentral Funktioun vum MyGuichet.lu kann ausser Betrib setzen? Wat ass geplangt fir an Zukunft esou “Single Points of Failure” ze vermeiden?

  3. Wéi vill Demanden konnten tëschent dem 31. Dezember 2024 an der Behiewung vum Problem net verschafft ginn? Wat fir eng Mesuren huet d’Regierung virgesinn fir de betraffene Bierger entgéint ze kommen, besonnesch am Fall vun Delais déi doduerch net konnten agehale ginn?

  4. Wéi héich schätzt d’Ministesch de wirtschaftleche Schued deen duerch dësen Ausfall entstanen ass, besonnesch am Hibléck op Entreprisen déi hire legalen Obligatiounen net konnten nokommen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1717

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen