Luxtrust – Nofro

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1717 liwwert d’Ministesch Explikatiounen zu engem Ausfall bei der digitaler Ënnerschrëft ugangs vum Joer. Aus dëser Äntwert erginn sech awer nach weider Froen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. “LuxTrust ass dem CTIE säin zentrale Partner fir elektronesch Certificater. Dëst erkläert sech notamment doduerch, dass et den Haaptacteur zu Lëtzebuerg an dësem Beraich ass.”

    Gouf deemools bei der Sich no engem Partner fir elektronesch Zertifikater eng Ausschreiwung?
    • Wa jo, wat waren déi genau Krittären a wéi vill Projete koumen deemools vun Entreprisen eran?
    • Wa nee, firwat net?

  2. Wéi laang leeft den aktuelle Kontrakt mat Luxtrust fir d’Zertifikater op der Carte d’identité nach? Ass geplangt, hei no weider Partner ze sichen, fir net just vun enger eenzeger Entreprise ofhängeg ze sinn?

  3. Wat war den 1te respektiv den 2te Januar de konkrete Problem bei Luxtrust, deen zu dëser technescher Steierung gefouert huet?

  4. Wéi eng Risikoofschätzung gouf am Kader vun der Sich no engem Partner fir elektronesch Zertifikater gemaach, fir esou e Single Point of Failure, dee vun engem Privatacteur bedriwwe gëtt, an d’Staatsinfrastruktur anzebauen?

  5. Ass d’Madamm Ministesch der Meenung datt fir d’elektronesch Ënnerschrëft net all “Prestataire de Services de Confiance” misst ugeholl ginn? Wëssend datt alleng d’ILNAS hei nach weider Prestatairen accreditéiert huet.

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1776

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen