LUXITH

LUXembourg IT for Healthcare (LUXITH) ass eng wirtschaftlech Interessengrupp, déi am Dezember 2012 vun de Lëtzebuerger Spideeler an der Fédération des Hôpitaux Luxembourgeois gegrënnt gouf. D’Zil vum Grupp ass et fir déi gemeinsam IT Servicer, Software an Infrastrukture vu senge Memberen ëmzesetzen an ze bedreiwen.
Eis gouf zougedroe, dass LUXITH wëlles hätt, fir eng grouss Mass un Donnéeën op Serveren an d’Ausland ze transferéieren. Zu dësen Donnéeë géifen och privat a gesondheetlech Informatioune vun dausende Patienten an Assuréeën hei am Land gehéieren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass et richteg, dass LUXITH plangt, fir d’Donnéeën op Serveren an d’Ausland ze transferéieren?

  2. A wéi eng Länner respektiv op wéi eng Servere sollen dës Donnéeën transferéiert ginn?

  3. Aus wat fir engem Grond wëll LUXITH dës Donnéeën net méi zu Lëtzebuerg stockéieren, mee se op Serveren an d’Ausland transferéieren?

  4. Besteet duerch den Transfert op auslännesch Serveren net de Risiko, dass wichteg a privat Patientendate méi einfach an d’Hänn vun auslänneschen Agencen oder kriminellen Entitéite kéinte geroden?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1654

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt