Fluchverbindung vu Lëtzebuerg op China

D’WORT bericht an engem Artikel vun haut, dass d’Airline China Southern ab dem 21ten Dezember eng nei Fluchverbindung Guangzhou – Zhengzhou – Luxembourg géif opmaachen. Dat wier deen éischten Direktvol tëschent Lëtzebuerg a China.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. War iergendeng Verwaltung direkt oder indirekt bedeelegt, fir déi Fluchverbindung op Lëtzebuerg ze kréien oder handelt et sech ëm eng reng privat Initiativ?
    Falls dat net de Fall war, kann d’Regierung bestätegen, dass am Virfeld vun der Decisioun vu China Southern keng Gespréicher tëschent dem Staat an Interessegruppe gefouert goufen?

  2. War d’Regierung schonn am Virfeld vun dëser Ukënnegung iwwert déi nei Fluchverbindung informéiert? Falls jo, zënter wéini?

  3. Wéi oft wäerte Fligere vum Findel op Guangzhou an op Zhengzhou fléien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 22

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene