Afloss vu China op Lëtzebuerg

Den Ex-Botschafter vun den USA zu Lëtzebuerg huet an der Press behaapt, dass Lëtzebuerg vu China ëmworbe gëtt. An engem WORT-Artikel vum 17ten Abrëll 2025, wou et och ëm d’Ofzéien vun der US-Ambassade zu Lëtzebuerg geet, gëtt den Ex-Ambassadeur zitéiert: „Dies ist eines der Hauptprobleme, mit denen wir in unserer Botschaft in Luxemburg konfrontiert waren: die chinesischen Investitionen in Luxemburg und die wirtschaftlichen Beziehungen zwischen den beiden Ländern.“ 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi bewäert d’Regierung d’Aussoe vum Ex-US-Ambassadeur betreffend der Ofhängegkeet vu Lëtzebuerg zu China?

  2. Wéi wäerten d’Bezéihungen tëschent Lëtzebuerg a China sech weiderentwéckelen? Wéi eng wirtschaftlech a politesch Interessien verfollegt déi lëtzebuergesch Regierung a China?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2244

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene