Lutte géint “Money Muling” a Rekrutéierung vu jonke Leit iwwert sozial Medien

Laut rezenten Informatioune goufen am Joer 2025 ronn 40 Persoune wéinst “Money Muling” verhaft. De Schued duerch dës Aart vu Finanzdelikter läit eleng zu Lëtzebuerg bei iwwer 10 Milliounen Euro. Besonnesch besuergneserreegend ass, dass d’Täter dacks iwwer sozial Medie rekrutéiert ginn an et sech heibäi haaptsächlech ëm méi jonk Leit handelt. Dës Form vun der Geldwäsch, wou Privatpersoune fir d’Weiderleedung vu geklaute Gelder benotzt ginn, schéngt zu Lëtzebuerg zouzehuelen. D’Rekrutéierung iwwert sozial Netzwierker mécht et fir d’Organiséiert Kriminalitéit méiglech, anonym ze bleiwen an d’Spueren ze verwëschen, wärend jonk Leit sech dacks net bewosst sinn, dass si sech un enger krimineller Aktivitéit bedeelegen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng konkret Moossname plangt d’Regierung, fir d’Rekrutéierung vu “Money Mules” iwwert sozial Medien ze bekämpfen?

  2. Gëtt et spezifesch Opklärungscampagnen, déi sech u jonk Leit riichten, fir si iwwert d’Risiken an déi legal Konsequenze vum “Money Muling” ze informéieren? 

  3. Wéi eng Zesummenaarbecht besteet tëscht de Lëtzebuerger Autoritéiten an de Bedreiwer vu sozialen Netzwierker, fir verdächteg Rekrutéierungsaktivitéiten ze detektéieren an ze ënnerbannen?

  4. Wat ass de Rôle an d’Verantwortung vun de Banke fir “Money Muling” z’ënnerbanne wa bei jonke Mënsche mat wéineg Ressourcen op eemol substanziell Montanten zesummekommen?

  5. Wéi eng Moyene stinn der Police an dem Parquet zur Verfügung, fir d’Haaptorganisateuren hannert de “Money Muling”-Netzwierker ze identifizéieren an ze verfollegen? 

  6. Plangt d’Regierung, zousätzlech Ressourcen an d’Bekämpfung vun dëser Form vu Finanzkriminalitéit ze investéieren, a falls jo, a wéi engem Ëmfang?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3455

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene