Laut rezenten Informatioune goufen am Joer 2025 ronn 40 Persoune wéinst “Money Muling” verhaft. De Schued duerch dës Aart vu Finanzdelikter läit eleng zu Lëtzebuerg bei iwwer 10 Milliounen Euro. Besonnesch besuergneserreegend ass, dass d’Täter dacks iwwer sozial Medie rekrutéiert ginn an et sech heibäi haaptsächlech ëm méi jonk Leit handelt. Dës Form vun der Geldwäsch, wou Privatpersoune fir d’Weiderleedung vu geklaute Gelder benotzt ginn, schéngt zu Lëtzebuerg zouzehuelen. D’Rekrutéierung iwwert sozial Netzwierker mécht et fir d’Organiséiert Kriminalitéit méiglech, anonym ze bleiwen an d’Spueren ze verwëschen, wärend jonk Leit sech dacks net bewosst sinn, dass si sech un enger krimineller Aktivitéit bedeelegen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi eng konkret Moossname plangt d’Regierung, fir d’Rekrutéierung vu “Money Mules” iwwert sozial Medien ze bekämpfen?
Gëtt et spezifesch Opklärungscampagnen, déi sech u jonk Leit riichten, fir si iwwert d’Risiken an déi legal Konsequenze vum “Money Muling” ze informéieren?
Wéi eng Zesummenaarbecht besteet tëscht de Lëtzebuerger Autoritéiten an de Bedreiwer vu sozialen Netzwierker, fir verdächteg Rekrutéierungsaktivitéiten ze detektéieren an ze ënnerbannen?
Wat ass de Rôle an d’Verantwortung vun de Banke fir “Money Muling” z’ënnerbanne wa bei jonke Mënsche mat wéineg Ressourcen op eemol substanziell Montanten zesummekommen?
Wéi eng Moyene stinn der Police an dem Parquet zur Verfügung, fir d’Haaptorganisateuren hannert de “Money Muling”-Netzwierker ze identifizéieren an ze verfollegen?
Plangt d’Regierung, zousätzlech Ressourcen an d’Bekämpfung vun dëser Form vu Finanzkriminalitéit ze investéieren, a falls jo, a wéi engem Ëmfang?
QP Nummer 3455